Projet „NeiSchmelz“: 1.575 Wunnengen zum bezuelbarem Präis

Nodeems d’Diddelenger Fabrick vun ArcelorMittal am Oktober 2005 definitiv zougemaach gouf, louch de Site vun der fréierer Stolindustrie laang brooch. Mam Projet „NeiSchmelz“ sollen dës 36 Hektar sech an e Quartier mat bezuelbarem Wunnraum a Kultur verwandelen.

Fir de Projet, dee vum Fonds du Logement entwéckelt gouf, huet d’Regierung elo zwee Gesetzesprojeten opgeholl, fir déi éischt Phas vum Bau mat enger hallwer Milliard Euro finanziell ze ënnerstëtzen.

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 ass dobäi och virgesinn, datt hei en nationalen Depot fir ëffentlech Sammlungen ageriicht gëtt. Kulturellen Institutioune feelt et u Stockage, an awer kréie si ëmmer méi Kollektiounen. Esou gouf Ufank 2020 de Site „NeiSchmelz“ ausgewielt, fir den Nationalen Zenter vun den Ëffentleche Sammlungen (CNCP) opzehuelen.

NeiSchmelz
E Stéck vum industriellen Ierwen
Auszuch aus der Presentatioun „NeiSchmelz“ – e Projet vun nationalem Ausmooss fir de Logement an d’Kultur

E Quartier, deen aluede soll

Agedeelt a 4 Deelbebauungspläng (PAP) si fir déi 36 Hektar Fläch 1.575 Wunnenge virgesinn, déi Plaz fir ongeféier 3.700 Residente bidde sollen. Ënnerdeelt gëtt de Wunnraum an:

  • 866 Wunnengen mat bezuelbarem Loyer
  • 551 Wunnengen zum abordabelen a subventionéierte Verkafspräis
  • 158 Wunnengen zum bezuelbare Verkafspräis awer ouni finanziell Ënnerstëtzung

Heibäi wier et zum enge wichteg, de soziale Beräich ze fërderen an eng gesond Mëschung aus Generatiounen a Funktiounen opzehuelen. Dofir ginn net nëmme Wunnengen a Parkplaze fir d’Residenten ugebueden. Och e ganzt Netz aus Geschäfter, Gastronomie, Aarbechtsplazen a Fräizäitofferen soll an direkter Ëmgéigend zur Verfügung stoen.

Zum aneren soll de Bau den ekologesche Krittären entspriechen. Am Beräich Energie wëll de Projet op CO2-Neutralitéit setzen a säin eegene Stroum iwwer Photovoltaikanlagen produzéieren. D’EU stellt dofir 24 Milliounen Euro zur Verfügung (ee Véierel vun deem, wat Lëtzebuerg un Aide kritt).

Well et sech ëm e risege Projet handelt, gëtt mat gutt 15 Joer Bauzäit gerechent. Ënnerdeelt a verschidde Phasen wëll een déi éischt Wunnenge bis 2027/2028 fäerdeg gebaut hunn.

Zwee Gesetzesprojete stinn, en Drëtte kënnt nach

Am Ganzen stellt d’Regierung 507,5 Milliounen Euro fir de Projet „NeiSchmelz“ zur Verfügung. Den éischte Gesetzesprojet besteet aus 235 Milliounen Euro fir d’Buedemsanéierung, de Reamenagement vun der „Diddelénger Baach“ an Infrastrukturaarbechten um Site.

NeiSchmelz
Presentatioun „NeiSchmelz“ – e Projet vun nationalem Ausmooss fir de Logement an d’Kultur

Beim zweete Gesetzesprojet sinn 272,5 Milliounen Euro virgesinn, déi fir d’Erschléissung an d’Realisatioun vu Wunnraum fir de PAP „Nord“, „Zentrum“ an „Italien“ geduecht sinn.

NeiSchmelz
Presentatioun „NeiSchmelz“ – e Projet vun nationalem Ausmooss fir de Logement an d’Kultur

En drëtte Gesetzesprojet zur Finanzéierung kënnt am kommende Joer an enthält d’Realisatioun vu Wunnraum vum PAP „Süd“ sou wéi dem CNCP mat engem Ausstellungsraum, engem Atelier a Laboen.

Dernières nouvelles