Däitschland: „Pushback“ zum Onwuert vum Joer 2021 gewielt

Ënnert den 454 Virschléi huet de Jury vun der „Sproochkritesch Aktioun Unwort vum Joer“ den Ausdrock „Pushback“ zum Onwuert vum Joer 2021 ernannt. Iwwersat bedeit dat englesch Wuert „Zeréckdrängen“ a kënnt am europäeschen Ëmgang mat Flüchtlingen oft zum Asaz.

Beschriwwe gëtt domat nämlech, datt flüchtend Persounen un de Grenzen zeréckgewisen an esou doru gehënnert ginn, e bestëmmte Land z’erreechen. Mam Zil d’Sproochsensibilitéit vun der Bevëlkerung an déi kritesch Reflexioun ze fërderen, gouf den Ausdrock gewielt, well en e mënschefeindleche Prozess schéi schwätze géif, woubäi de Flüchtlingen hiert Recht entzu gëtt no Asyl ze sichen.

Et geet net eleng ëm d’Zeréckdrängen, wat u sech scho géint d’Mënschen- a Grondrecht verstéisst, mee och ëm d’Gewalt déi dobäi ugewannt gëtt an deelweis och déidlech Folgen huet.

Op déi zweet Plaz huet de Jury d’Wuert „Sproochpolice“ gesat mat der Begrënnung, datt esou Persounen diffaméiert ginn, déi sech fir e richtegen, gerechten an net-diskriminéierende Sproochgebrauch asetzen. Et kéint een unhuelen, datt et eng Instanz gëtt, déi sech fir d’Anhalung vun de Sproochreegelen asetzt an och Bestrofungen asetzt, wann ee géint dës Reegele geet.

Och nach um Podium fanne sech d’Vergläicher mam Nationalsozialismus, woubäi eng ganz Rëtsch Ausdréck am Kader vun den Demonstratioune géint déi sanitär Moossname genotzt ginn. Oft gëtt e Verglach mat der nationalsozialistescher Diktatur gemaach, wouduerch dëst donkelt Kapitel vun eiser Vergaangenheet an och d’Leed vun den Affer verharmloost gëtt.

Annexe:

Dernières nouvelles