Häagen-Dazs: Réckruff vu Glacen wéinst kriibserreegendem Stoff

Wéi déi belsch Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet matdeelen, konnten an 10 Zorte Glace vun der Mark „Häagen-Dasz“ Réckstänn vun engem kriibserreegende Stoff nogewise ginn.

Bei Nofuerschunge vum Produzent General Mills konnt ee schliisslech erausfannen, datt de Problem op e Vanills-Fournisseur zeréck geet an dofir all Produiten mat Vanill betraff sinn.

Aus dësem Grond ginn eng ganz Rei Glacen, déi tëscht dem 17.05 an 03.08.2022 inclus a Lëtzebuerger, sou wéi a belsche Supermäertverkaaft goufen, zeréckgeruff. Weider Detailer zu de concernéierte Produiten fannt Dir an dësem PDF.

Dernières nouvelles