Rendez-vous an de Gäert: Fir eist kulturellt, historescht an natierlecht Ierwen

Vum 2. bis de 6. Juni 2022 hëlt Lëtzebuerg un der zweeter Editioun vu „Rendez-vous an de Gäert“ statt. Iwwer 3.000 Gäert an 20 europäesche Länner maachen hir Dieren op, fir esou e Stéck Kultur an Natur erliefbar ze maachen, gläichzäiteg awer och ze sensibiliséieren.

Am Joer 2018 gouf dëst Evenement vun HEREIN, engem europäeschen Informatiouns- a Kooperatiounsnetzwierk vum kulturellen Ierwen gegrënnt. Zil ass et ëffentlech, awer och privat Gäert an de Virdergrond ze réckelen a Visitten ze erméiglechen. Zousätzlech geet et ëm de Schutz vun eiser Natur an Ëmwelt.

Ma, an dësem Kader gëtt och zu Lëtzebuerg e räichhaltege Programm gebueden. Lancéiert gëtt dëst gréngt Evenement den 2. Juni 2022 um 16 Auer mat enger Visitt vum Stater Park an de Kasematten. Duerno geet d‘Rees queesch duerch d‘Land virun.

Ënnert anerem gëtt et méiglech de Chantier zur Renaturéierung vun der Péitruss ze besichen. Am Park vun der aler Abtei zu Iechternach gi Visiteure méi iwwert d‘Risiken an d‘Geforen, deenen eist natierlecht an historescht Ierwen am Bezuch op de Klimawandel géigeniwwer steet, gewuer. Am Kolpecher Park wäert et ëm de Schutz vun der Natur mat Bléck op Dréchenten, Erosioun a Krankheete vun de Beem goen.

Och Konscht a Literatur sinn Deel vum Programm. Hei ass et beispillsweis de Marco Schank, dee Lecturen a sengem private Gaart zu Eschduerf ubitt, oder och den Optrëtt vum Raper Maz am Jardin de Wiltz. Den Ofschloss gëtt schliisslech mam Gënzefest zu Wolz gemaach.

Natierlech ginn et wärend de Rendez-vousen an de Gäert nach vill weider Aktivitéiten. Des sinn all op www.jardinsluxembourg.lu ze fannen.

Dernières nouvelles