De Rüdiger Hoffmann huet Lëtzebuerg besicht

Ech weess net, ob Dir et wosst, mee de Rüdinger Hoffmann huet den Trifolion zu Iechternach besicht. Déi lëschteg Veranstaltung huet e Samschdeg, den 18. Dezember stattfonnt.

Seng Karriär huet an den 90er Joren säin Héichpunkt erreecht, ob dësem Level ass hie bliwwen.

Seng Koméidistécker fänke meeschtens mat deem berüümte Saz « Ja, Hallo erstmal » un a si mëttlerweil zu sengem Markenzeeche ginn. Säin Humor kann ee mat Recht « dréche » beschreiwen, seng entspaante Manéier ze schwätzen, ënnersträicht dësen Androck nach.

D’Fro déi sech gestallt huet – huet den Här Hoffmann säi knackegen Humor nach? D’Äntwert ass, ma natierlech. Et ass ewéi mat engem gudde Wäin, wat e méi al ass, wat besser. Den Trifolion war gutt besicht.

De Programm huet „The Best of“ geheescht, ma den Här Hoffmann huet och säi Bescht ginn. Ech denken, kee Spectateur ass enttäuscht heemgaangen. Dat hu mir selbstverständlech och hinne selwer ze verdanken – virun der Veranstaltung konnten si ofstëmmen, wat den Här Rüdiger zum Beschte soll ginn.

Jessica Mersch/ moien.lu

An do ass sou munches erauskomm – seng Kultfiguren de Malte, d’Birte an den Olaf. E Mann, vill Perséinlechkeeten a sou munch Wourecht tëscht den Zeilen.

Den Rüdiger Hoffmann huet net nëmmen Humor, mee och eng musikalesch Begabung. Dofir huet hien e puer vu senge Sketcher um Klavéier begleet a gesongen.

Et war ofwiesslungsräich. Zu kengem Zäit langweileg – a villäicht souguer gutt fir deen een oder anere Bauchmuskel. Et war ee Spektakel.

De Sall huet sech vru Laache bal net erkritt. Eent ass sécher, wien net do war, huet definitiv eppes verpasst. Iwwregens wosst Dir, datt de Rüdiger Hoffmann als eenzege Comedian iwwerhaapt, d’Virgrupp vun der Band Rolling Stones war? Mat dësem Optrëtt huet hien 80.000 Mënschen zum Laache bruecht. Dat ass nawell eng Leeschtung!

Dernières nouvelles