Russesche Pilot weist sech solidaresch

... elo dreeën him 15 Joer Prisong

De russesche Pilot flitt mat enger staatlecher Airline. Seng perséinlech Duerchso wärend dem Fluch huet nawell fir Opreegung gesuergt.

Wat dëse Pilot gemaach huet, ass nämlech verbueden – a villäicht dowéinst esou couragéiert. Hien huet den Ukrainkrich erwäänt an och de Schluss vun dësem onnëtzen an onmënschleche Krich gefuerdert.

Dësen hätt schonn op béide Säite fir vill Schuet gesuergt.

Ee Video vu senger Ausso ass op Twitter ze gesinn an ee Beweis dofir, datt net jiddwereen hannert dem Putin steet. Mee Zivilisten a Russland hunn Angscht a leide stomm. Dofir muss et esou Mënschen ewéi dëse Pilot ginn an déi d’Stëmm erhiewen.

Vu senge Passagéier huet hien natierlech Applaus erhalen.

Dernières nouvelles