Covid-19-Infektioun: D’Ministesch Sam Tanson ass positiv

Haut de Moien krut d’Kultur- a Justizministesch Sam Tanson e positiivt Resultat op hire PCR-Test. Aktuell weist si just liicht Symptomer op a schafft weider vun Doheem aus.

Nodeems sech an hirem Familljekrees eng Persoun mat Covid-19 infizéiert huet, hat d’Ministesch sech sécherheetshallwer selwer an Isolatioun gesat an hir Aarbecht iwwer Teletravail verriicht.

Zënter dem 1. Juli 2021 ass d’Sam Tanson zwee Mol géint de Coronavirus geimpft.

Dernières nouvelles