Schnéiwäiss Männer

De Guy Rewenig an de Claude D. Conter liesen

840
Guy Rewenig Claude Conter
© Claude D. Conter,Guy Rewenig/CNL

« Schnéiwäiss Männer » ass een Dialogtext aus dem Guy Rewenig sengem Buch « Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch » (Éditions Guy Binsfeld 2020).

Zwee fréier Schoulkollegen, déi sech zanter fofzeg Joer net méi gesinn hunn, begéine sech zoufälleg op enger Parkplaz zu Mamer. Si diskutéieren, stëppelen a kritiséieren, huele sech een deen aneren op den Aarm, lamentéieren iwwert hir Kränkten oder schwadronéiere monter droplass. Hir Rees an déi eege Vergaangenheet ass skurril, lächerlech an och traureg, voller Ironie a Roserei.

Den ongewéinlechen Duo Rewenig/Conter ass zustan komm, wéi d’CNLiesrees am Fréijoer 2021 an der BnL zu Gaascht war. Deemools hat de Guy Rewenig de Claude D. Conter gefrot, fir e puer kuerz Passagen aus „Schnéiwäiss Männer“ matzeliesen. Dat huet hinnen an och dem Public sou vill Spaass gemaach, datt si spontan decidéiert hunn, zesumme mol méi e grousst Stéck aus deem Text virzeliesen. Elo ass et esou wäit, am CNL hunn déi zwee Hären e ganzen Owend fir sech.

Dësen ass den 1. Dezember 2021 um 19.30 Auer am CNL zu Miersch. D’Entrée ass fräi.

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun ass d’Umeldung fir den Owend obligatoresch a kann online gemaach ginn.

Den Owend fënnt am Kader vum Covid-Check Regime statt. Den Zougang ass also strikt limitéiert op Leit, déi geimpft, getest oder geheelt sinn. All Visiteur vun 12 Joer an 1 Mount muss e gültege CovidCheck-Certificat digital oder op Pabeier presentéieren, dee bestätegt dass Dir:

  • géint de COVID-19 geimpft sidd
  • negativ op de COVID-19 getest ginn sidd
  • no enger COVID-19-Infektioun erëm gesond sidd

*matgedeelt vum Nationale Literaturzenter