Gratis Schouliesse beschäftegt Staatsrot

Datt d‘Regierung beschloss huet, d‘Iessen an de Schoulen a Foyere gratis ze maachen, stéisst am Staatsrot op Widderstand, dëse befiercht datt et zu weider Ongerechtegkeete kënnt…

Am Kader vum Premierminister Xavier Bettel senger Ried zu Lag vun der Natioun um 12. Oktober, war jo d‘Absicht ugekënnegt ginn, dofir Suerg ze droen, datt all Kand am Land, zur Mëttegstonn ee waarmt Iesse soll erhalen. Sënn an Zweck: de Kanner aus äermleche Familljeverhältnisser quasi eppes wéi „Ernierungssécherheet“ ze garantéieren. D‘Moossnam soll den 1. Januar a Kraaft trieden.

Elo hat den Educatiounsminister déi vergaange Woch an der parlamentarescher Kommissioun den interesséierten Deputéierten erläutert, datt vun dëse Mesure eng 80% vun de Schüler am Primaire, an nach emol eng 20% vu de Studenten am Secondaire, vun dëser Mesure benefisséiere wäerten. De Programm soll zudeem op d‘Maison Relais an am Precoce ugewannt ginn. Wat ass hei gemengt?

Laut dem Claude Meisch, sinn eligibel fir dat gratis Iessen, all d‘Kanner aus Familljen, déi maximal de véierfache Mindestloun bezéien. Dat dierft een Montant vu ronn 8.800 Euro sinn. Dat heescht dann awer och, datt déi Liberal Menagen ënnert engem Akommes vun 8.800 Euro als „äermlech“ géife consideréieren. Mee bon, mat der Logementskris an aneren Ongereimtheeten, kann dat sinn…

Bannent dem Staatsrot huet een elo net ganz esouvill Versteesdemech fir dës Mesuren, wéi sech dat vun der Regierung dierft virgestallt gi sinn. Hei gëtt schonn emol aleedend bedauert, datt d‘Auteure vun dëser Decisioun hire Motiver net erläutert hunn. Et gëtt een och ze bedenken, datt hei déi sougenannt Gratuitéit sech net méi op en Akommes bezitt, dat prekär oder ausschléissend ass.

Si stellen och fest, datt dës differenzéiert Behandlung am Widdersproch zur Gläichbehandlung virum Gesetz, esou wéi dat (nach) an der Verfassung verankert ass. Et stellt sech zudeem d‘Fro, firwat deene Familljen, wou d‘Kanner an der Mëttegstonn doheem bekäschtegen, net vun dësem „Avantage“ sollten, egal ob se bei der Bomi oder soss Erzéiungsberechtegten um Dësch sëtzen.

Och d‘Salariatskummer huet eppes Kappwéi, an hei gëtt denoncéiert, datt d‘Frontalieren net an de Genoss vun dëser Mesure kommen. Dat ass wuel richteg, anersäits huet d‘Regierung nach net matkritt, datt et Sënnvoll wier endlech an der Dimensioun vun der Groussregioun ze denken an dat politescht Handelen entspriechend unzepassen. Dat huet bestëmmt Grënn déi eis iwwerfuerderen…

Annex: Lien zum Gesetzprojet 7878

Dernières nouvelles