No Vandalismus um Stauséi: Schwammbréck nees op

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt sinn d’Reparaturaarbechten méi schnell viru gaangen wéi geduecht. Esou konnt d’Schwammbréck tëscht Lëlz a Léifreg scho gëschter am Nomëtteg nees opgemaach ginn.

Nodeems um waarme Weekend vum 18. an 19. Juni de Stauséi vu Mënschemassen iwwerrannt a mat Offall an der Natur zeréckgelooss gouf, ass och d‘Schwammbréck duerch Vandalismus a Matleedenschaft gezu ginn.

Fir d‘Reparaturen sollt d‘Passerelle eigentlech bis den 30. Juni 2022 gespaart bleiwen. 

Dernières nouvelles