Science Festival 2021 – Déi 13. Editioun waart op Iech!

Experimentéieren, diskutéieren, erliewen, staunen: Dat gréisst Fest vun der Wëssenschaft zu Lëtzebuerg fënnt vum 11. bis de 14. November am Gronn statt, mat neie Workshops a Shows!

Bei der 13. Editioun vum Science Festival kënne Kanner, Jugendlecher an Erwuessener u 45 Experimentéierworkshops, interaktive Shows an Ausstellungen aus enger Panoplie u wëssenschaftlechen Disziplinnen deelhuelen. De Science Festival fënnt am natur musée an an der Abtei Neimënster statt.

Um Weekend (13. a 14. November) mécht de Science Festival seng Dieren jeeweils tëscht 9:00 an 19:00 Auer op. Fir datt d‘Visitt sécher oflafe kann, ass d‘Zuel vu Participante limitéiert a fënnt ënnert dem CovidCheck-Regimm statt. Interesséierter si gebieden, sech iwwert folgende Link fir ee vun de véier verschidden Timeslots um Weekend unzemellen: registration-science-festival.lu/de.

Déi verfügbar Slots si jeeweils Samschdes a Sonndes vun 9:00 bis 13:30 Auer a vu 14:30 bis 19:00 Auer. D‘Organisateure bieden dorëm, datt ugemellte Persounen, déi schlussendlech awer net komme kënnen, sech ofmellen. Wa Plaze fräi sinn, kënnen och nach spontan op der Plaz Participanten Zougang zum Science Festival kréien.

Science Festival 2021

Déi éischt zwee Deeg vum Science Festival (11. an 12. November) sinn exklusiv fir Schoulklasse geduecht. Insgesamt louchen 380 Demande vu Schoulklasse vir (160 dovu konnten ugeholl ginn), d‘Hallschent dovun a just zwee Deeg, wat groussem Interessi vun de Schüler an dem Léierpersonal um Evenement an der Wëssenschaft weist.

Um Science Festival kann een z.B. u Shows a Workshops iwwert Genetik, Mathematik, Informatik, Weltraumfuerschung, Materialwëssenschaften a Paläontologie deelhuelen. Zudeem sinn d‘Ausstellungen vum natur musée dëst Joer mat am Science Festival integréiert.

Science Festival 2021
© MNHN

Organiséiert gëtt d‘Evenement vum Nationalmusée fir Naturgeschicht an dem Fonds National de la Recherche. Zil vum Science Festival ass et, Wëssenschaft an der Gesellschaft ze verankeren.

Zënter senger éischter Editioun am Kulturjoer 1995 huet sech de Science Festival als eng eenzegaarteg Veranstaltung am Beräich vun der Fërderung vun der Wëssenschaftsvermëttlung zu Lëtzebuerg etabléiert. De Publikumserfolleg ënnersträicht dës Ausso. Esou hu bei der Editioun vun 2019 ronn 12.000 „Hobbyfuerscher“ deelgeholl. Un der Organisatioun vum Science Festival bedeelege sech zudeem zuelräich ëffentlech a privat Fuerschungsinstituter, divers Vereenegungen a vill Benevollen.

Science Festival 2021
© MNHN

D‘Fërderung vun der Wëssenschaftsvermëttlung ass eng gemeinsam Prioritéit vum Fonds National de la Recherche an dem Nationalmusée fir Naturgeschicht. Si soll dozou bäidroen, datt Wëssenschaft en Deel vun eiser Kultur gëtt a soll op de besonnesche Stellewäert vu Wëssenschaft fir eis haiteg Innovatiouns- a Wëssensgesellschaft opmierksam maachen.

Weider Informatiounen zum Programm an der Sécherheet op der Plaz an Zäite vun der Pandemie fannt Dir op www.science-festival.lu.

Matgedeelt vum Nationalmusée fir Naturgeschicht (MNHN) an dem Fonds National de la Recherche

Dernières nouvelles