Schëfflenger Konschthaus: „Sculptures Récentes“ vum Gérard Claude

Nach bis den 8. Januar 2022 stellt de Lëtzebuerger Artist Gérard Claude seng Wierker am Schëfflenger Konschthaus aus. Bekannt fir seng Konschtwierker aus Holz, dréit d’Expo dës Kéier den Numm „Sculptures Récentes“.

No sengem Studium a Frankräich huet de Gérard Claude seng professionell Karriär als Moler gestart. Dobäi huet hie mat verschiddenste Materialien experimentéiert. Mëttlerweil fokusséiert hie sech op Holz a den artisteschen Traitement vun dësem organesche Material.

Hei trëfft Energie op eng gewësse berouegend Wierkung, eng prezis Veraarbechtung op nach réi Ofschnëtter. Doduerch gëtt d’Material ëmsou méi lieweg.

Weider Informatioune kritt Dir op schifflange.lu.

Dernières nouvelles