Ewéi geet et de Mënschen op der Sea-Eye?

De 4. Advent ass eriwwer an d’Séinoutrettungsschëff SEA-EYE 4 huet 223 Mënschen u Bord.

Dës goufen a véier Asätz vun der Crew gerett. D’Wieder huet sech dramatesch verschlechtert. Ënnert de gerette Persoune si 7 schwanger Fraen an 8 Kanner. Verschidde Passagéier mussen dréngend medezinesch versuergt ginn.

Ee fënnef Joer ale Jong, souz dräi Deeg op engem Boot a konnt sech net beweegen. Elo ass seng Péng esou grouss, datt hien net méi goe wëll. D’Ekipp trainéiert reegelméisseg mat him. Ee vun de Kanner huet ee gebrachene Fanger, bei engem aneren ass den Aarm gebrach. D’Ekipp vum medezinesche Personal mellt och schwéier Verbrennungen.

Dës weidere gëtt nach no weidere Booter gesicht, déi an akuter Gefor sinn. Dës Ekippe kämpfen ëm all Liewen a Malta ignoréiert dat einfach. Europa muss endlech reagéieren!

D’Wieder gëtt schlecht, d’Iwwerliewenschance falen all Dag méi. Et ass eng dramatesch Situatioun!

Eng gutt Noriicht ass, datt de Bouf deen net méi trëppele wollt, elo mat der Ekipp Fussball spillt. An esoulaang ass Hoffnung do.

Dernières nouvelles