Sea-Watch: Dat neit Joer start mat enger Rettungsmissioun

Am Beräich vun der Séinoutrettung fänkt d’Joer 2022 (leider) esou un, wéi dat viregt Joer opgehalen huet. Wärend déi vun der Sea-Watch 3 gerett Persounen um Hafen Pozzallo konnten u Land goen, huet d’Seabird gëschter Owend en Holzboot mat ëm 80 Passagéier erbléckt, déi gedreet hunn duerch déi staark Wellen a Wand ënner ze goen.

D’Sea-Watch ass net nëmmen am Waasser, mee och an der Loft am Asaz. Bei engem vun de Flich vum Opklärungsfliger Seabird huet d’Ekipp 80 Persounen an Nout entdeckt an direkt no Hëllef gefrot. D’Handelsschëff MARIDIVE 601 louch am noosten an ass domat laut Séirecht verflicht d’Mënschen a Séinout ze retten.

Nom Opruff huet d’Schëff sech direkt op de Wee gemaach. Ob d’Rettungsaktioun gegléckt ass, respektiv hinne schonn e sécheren Hafen zougedeelt gouf, ass bis ewell nach net gewosst.

Rettung um Mier
D’MARIDIVE 601 um Wee bei d’Mënschen an Nout © Felix Weiss

Enn des Jores huet d’Crew op der Sea-Watch 3 ganzer 446 Mënschen gerett. Eng ganz Woch hat et gedauert, bis datt déi gerett Persounen um Hafe vu Pozzallo (Sizilien) konnten u Land goen. Als éischt waren et onbegleete Mannerjäreger, besonnesch schutzbedierfteg Persounen a Famillen, déi d’Rettungsschëff hunn dierfe verloossen.

En Dag méi spéit war et dunn och fir déi aner Passagéier esou wäit nees d’Festland ze betrieden.

Rettung um Mier
Den 1. Januar konnten déi éischt Passagéier vun der Sea-Watch 3 u Land goen © Max Brugger

Am Joer 2021 konnt Sea-Watch 35 Booter evakuéieren an 2.420 Persoune mat hire Schëffer retten. Ganzer 237 Deeg vum Joer gouf d’Rettungsschëff Sea-Watch 4 blockéiert, wärend d’Sea-Wacth 3 59 Deeg festsouz. Aus der Loft konnten 190 Booter an insgesamt ëm 11.140 Mënschen an Nout entdeckt ginn. D’Opklärungsfliger waren dobäi iwwer 714 Stonnen ënnerwee.

Dernières nouvelles