Et sollt ee sech op Schnéi astellen

Wann et wuel richteg ass, datt sech d‘Mënschheet zolidd beméit d‘Temperaturen héich ze halen, esou verhënnert dat net, datt et tëscht November an Abrëll zäitweis „Reen a fester Form“ och als Schnéi bekannt, huet. En vun de ville Grënn firwat ee sollt Wanterpneuen opleien hunn, mee gutt jiddereen hält sech jo un de Code de la Route, an esou kann näischt schif goen.

Dat festgestallt a well jo bekanntlech besonnesch eis Butzen sech un enger Schnéidecken – wann dës héich genuch ausfält – maximal erfreeë kënnen, kann elo drop higewise ginn, datt MeteoLux scho fir dëse Weekend éischt Schnéiflacken ukënnegt. A jo, déi dierften sech net halen, well den Dag iwwer ass et dann awer nach ze waarm. Et sollt een also besonnesch Nuets op sech oppassen.

Eng Warnung déi sech an éischter Linn un d‘Acteure vum Verkéier riicht. Et huet elo scho glat Stroossen, an net méi spéit wéi um haitegen Dënschdegmueren, waren D‘Streeween vun de Ponts et Chaussées an den Asaz geschéckt ginn. Sidd also w.e.g. verstänneg, informéiert iech iwwert d‘Wieder- an d‘Stroosselag, iert der iech op de Wee maacht. D‘Zäiten si schwéier genuch.

Dernières nouvelles