Sécher mam Vëlo ënnerwee

D‘Droe vun engem Helm ass zwar keng Flicht, allerdéngs gëtt fir déi eege Sécherheet wäermsten recommandéiert, dëse Schutz fir de Kapp ze droen. Am Fall vun engem Accident kann esou eng Schuel um Kapp, wa se da richteg fest sëtzt, Schlëmmeres verhënneren.

Mat Bléck op d‘Finall vun der Coupe Scolaire dëse Sonndeg, weist d‘Police op d‘Reegelen, déi am Vode de la Route festgehale sinn an d‘Recommandatioune fir Cyclisten hin. Dës gëlle fir jiddereen, egal ob ee mam normale Stroossevëlo, dem Mountainbike oder mam Elektrovëlo ënnerwee ass.

Esou ass et eng Flicht eng Schell umDrotiesel ze hunn, déi aus op mannst 50 Meter muss gehéiert ginn. Donieft mussen zwou Bremsen um Vëlo montéiert sinn, déi onofhängeg vuneneenfonctionéieren, wéi och eng wäiss oder giel Luucht vir (op mannst 10 Lux) an eng rout Réckluucht (op mannst 10 Lux).

Am Bezuch op d’Reflekteren sollten där op mannst 2 Wäisser oder Gieler  un de Späichen, jeeweils e Wäissen oder Gielen hannen un derPedall, sou wéi e roude Reflekter hannen fixéiert sinn.

Wie sech net un d‘Reegelen hält, ka mat engerStrof tëscht 49 a 74 € rechnen. Just Vëloen, déi fir sportlech Competitiounen an den entspriechenden Training geduecht sinn, sinn heivun ausgeschloss.

Generell gëtt geroden ëmmer gutt siichtbar ze sinn, an op seng Ëmgéigend mat den Aen an Oueren opzepassen. Och den Zoustand vum Vëlo sollt reegelméisseg kontrolléieren a kleng Boboen reparéiert ginn.

Gëtt et an der Géigend e Vëloswee sollt een deen och notzen. Wien awer net ronderëm kënnt iwwert d‘Strooss ze fueren, gëtt gebieden sech ganz riets ze halen. Muss een de Vëlo drécken, kann een awer den Trottoir notzen. 

Ma, um Drotiesel gëllt de selwechten alkoholesche Grenzwäert wéi beim Autofueren. 

Weidernëtzlech Informatiounen zur Sécherheet um Vëlo ginn et um Site vun der Police.

Dernières nouvelles