Gespréicher ëm d’Sécherheet an der Stad Lëtzebuerg

E Mëttwoch huet den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sou wéi de Gemengen- a Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg getraff fir iwwert d’Sécherheet an der Haaptstad ze schwätzen.

Datt d’Presenz an den Asaz vun der Police en essentielle Bausteen fir d’Sécherheet vun der Bevëlkerung sinn, dierft jidderengem kloer sinn. Fir de Problem vun der Kriminalitéit an dem Drogenhandel (e Stéck wäit) ze léisen, soll en Aarbechtsgrupp entstoen an d’Zesummenaarbecht mat de Beamten an anere sozialen Acteure stäerken.

Dobäi wäert e Moossnamekatalog ausgeschafft ginn, bei deem et virun allem ëm déi lokal Sécherheet an d’Visibilitéit vun der Police goe soll.

Mam Bléck op déi lescht Manifestatiounen an der Stad Lëtzebuerg gouf sech gëeenegt, datt et weiderhin reegelméisseg Gespréicher mat der Police muss ginn. Just esou kéint eng gutt Kooperatioun garantéiert an d’Situatioun verbessert ginn.

Dernières nouvelles