Si hunn Asproch erhuewen

Um Mëttwoch haten de Mouvement Ecologique (Meco), Greenpeace Lëtzebuerg an d‘Asbl Natur & Ëmwelt, d‘Medien ageluede fir nach emol kloer ze stellen, datt et héich Zäit gëtt sech endlech zu enger Neiorientéierung vun der nationaler Landwirtschaftspolitik duerch ze réngen.

Den Datum vum 1. Dezember war vun de genannten Ëmweltverbänn net zoufälleg gewielt ginn. Ee Mëttwoch ass déi ëffentlech Prozedur, déi et de Bierger an de Vertrieder vun der Zivilgesellschaft erméiglecht „Asproch“ am Kontext vum nationale Strategieplang fir d‘Landwirtschaft (2023-2027) anzeleeën, ausgelaf. Et ass ee Pabeier vu gutt 400 Säiten, dat gewollt onverständlech ass.

Esou war séchergestallt, datt sech de gewéinleche Bierger net um Prozess bedeelege géif. Firwat de Landwirtschaftsministère mat esou niddrege Beweeggrënn géint d‘Interesse vun de Bierger virgeet, entzitt sech all Versteesdemech. Jiddefalls waren sech Minister a Beamten net ze schued, de Leit hei zouzemudden, bannent sechs Wochen ee „komplexen“ Text ze analyséieren an ze verstoen. Krass…

Landwirtschaft

Woubäi eigentlech ass et nëmme konsequent de Bierger vun der Participatioun auszeschléissen. Et wäert ee sech geduecht hunn, wann ee schonn alles an d‘Wee geleet hat, fir déi interesséiert Natur- an Ëmweltschutzorganisatiounen an d‘Verbraucherschutzorganisatiounen net an de Reformprozess anzebannen, da sollt een och tunlechst net d‘Residente mat verständlechen Texter erausfuerderen.

Dobäi geet hei ëm masseg Goss, rieds ass vun honnerte Milliounen Euro. An anere Länner – déi mir als Lëtzebuerg gäre kritiséieren – huet et faktebaséiert Informatiounscampagne ginn. Fir eis dräi Ëmweltschutzorganisatiounen, huet d‘Handhab, esou wéi se sech bei eis presentéiert gravéierend Folge fir d‘Ëmwelt. Esou ass weder der Biodiversitéit nach dem Waasserschutz nohalteg gehollef.

Annexen:

Dernières nouvelles