D’Simpsons: Déi bekanntste giel Famill huet eppes ze feieren

Haut virun 32 Joer waren d’Simpsons mat hirer éischter Folleg am amerikanesche Fernsee Première gefeiert.

Wien hätt deemools geduecht, datt mir hautdesdaags nach reegelméisseg mat neien Aventure mam Maggie, Bart, Lisa, Homer a Marge versuergt ginn. Mëttlerweil kommen d’Simpsons op 33 Staffelen an iwwer 700 Folgen.

An hirem Liewen ass nawell ëmmer eppes lass. De Papp Homer drénkt gären een iwwert den Duuscht a schafft an engem Atomkraaftwierk. D’Marge, d’Mamm ass déi sougenannten typesch Hausfra an hält déi ganz Famill zesummen. Dobäi kënnt nach den Noper Ned Flanders, een immens reliéise Mann.

An esou verkierpert d’Serie am Fong alles, wat Amerika ausmécht – Relioun, Fast-Food, Politik an déi allgemeng Gesellschaft. Duerch déi offensichtlech Karikaturen, ginn dës Mëssstänn oppe kritiséiert a souguer deelweis virausgesinn.

D’Themen, déi bei de Simpsons ze gesi sinn, maachen et schwéier ze soen, ob et dann elo eigentlech eng Serie fir Kanner oder fir Erwuessener ass. Dat hänkt warscheinlech vun de jeeweilege Folgen of.

Och d’Charakteren hunn sech mat de Joere weiderentwéckelt, dat gesäit een net nëmmen un den Zeechnungen. D’Lisa gëtt zum Beispill Buddhistin a Vegetarierin. Et gëtt sech bestuet, Leit stierwen, et gëtt sech gescheet, gehaasst a geléift.

Tatsächlech leeft d’Serie schonn esou laang am Fernsee, datt d’Simpsons am Joer 2004 an d’Guinness Buch vun de Rekorder ageschriwwe goufen. E Grond dofir ass sécherlech d’Satir. Do ka bal kee widderstoen. 

Och den Numm an d’Wunngebitt vun de Simpsons sinn net einfach esou gewielt. Springfield existéiert 35 mol an den USA. Domat soll eng typesch, amerikanesch Klengstad erëmgespigelt ginn. A kee weess, wou déi giel Famill elo genee wunnt.

D’Simpsons – ee Liewen an eng Welt, déi ee gesi muss hunn!

Dernières nouvelles