Digitalnatioun Lëtzebuerg: „Smart Manufacturing“

Op Initiativ vu Luxinnovation, fënnt vum 17. bis 19. November déi véiert Editioun vun der „Smart Manufacturing Week“ statt. Dësen Event soll et erlaben de Punkt ze maachen, wéi eng déi bescht Praktiken am Bezuch op déi digital an ekologesch Transformatioun am Beräich vun der Industrie sinn. Hei soll ee wichtege Wirtschaftszweig fir d‘Fuerschung an d‘Innovatioun beliicht ginn.

Lancéiert gëtt dësen Evenement, ëm deen eis ganz Europa beneit, muer de Moie mat enger online Sessioun. Dës couvréiert dat disponibelt digitaalt Landschaftsbild vu Lëtzebuerg. Et geet ëm den „Digital Innovation Hub“, dee vum Thierry Breton zougeschousterte Superrechner HPC, déi europäesch Initiativ Gaia-X, an dem europäesche Reseau vun den „Digital innovation Hubs e-DIH“. Den Expert fir digital Innovatioune bannent der Regierung, den honorabele Minister Franz Fayot (LSAP) hält d‘Erëffnungsried.

Am Nomëtten dann, kann ee sech zu Belval um Event „phygital“ an de restauréierte Ruine vun der Stolindustrie bedeelegen. Hei ginn déi éischt Zuele vum „Mapping“ fir dëse Secteur zu Lëtzebuerg presentéiert. Beim uschléissende Ronndëschgespréich, un deem divers an ënnerschiddlech Acteuren aus dem Wirtschaftsministère an auserwielten Entreprisen deelhuelen, sollen d‘Erausfuerderungen, mat deenen d‘Entreprise sech ausenanersetze mussen, debattéiert ginn.

Luxinnovatioun

Grouss(regioun) Denken

D‘Sessioun gëtt da mat der Iwwerreechung vun engem Präis fir Entreprisen aus der Groussregioun ofgeschloss. De Präis „ProdPilot 2021“ zeechent déi Entreprisen/Betriber aus, déi sech am beschte mat Innovatiounen ervirgedoen hunn, bezunn op hir Produktivitéit. Déi aner zwee Deeg ginn den Temoignage vun Entreprisen (also vun deene wou se representéieren) zougestane, déi engersäits intelligent Transformatioune bei hire Prozesser virgeholl hunn an/oder zu nohaltegen Technologien iwwergaange sinn.

D‘Caroline Muller, Manage vum „Luxembourg Materials & Manufacturing Cluster“ erkläert, datt d‘Entreprisen, fir kompetitiv ze bleiwen, resilient Kapazitéiten entwéckelen, an Äntwerten op déi zukünfteg ekologesch Erausfuerderunge fanne mussen. Eis „Manufakturen“ mussen ëmmer méi innovativ a performant ginn (et gëtt jo weider um permanente Wuesstem an dem maximale Profit fir d‘Elitt festgehalen) firwat eng Generalisatioun vun den numereschen Technologien an de Wee an eng Industrie 4.0, wéi och de respektvollen Ëmgang mat der Natur zwéngend noutwenneg ass.

Dernières nouvelles