Nei am Kino: Spiderman No Way Home

Et ass déi éischte Kéier an der Filmgeschicht vum Spiderman, datt hien onmaskéiert ass. Seng Identitéit ass kee Geheimnis méi, ma dat bréngt nawell ee Koup Problemer mat sech.

Dem Peter Parker gëtt d’Liewen zur Häll gemaach. Hie ka säin normaalt Liewen net vu sengem Superheldennumm trennen, iwwerall ass Chaos an et muss dréngend eng Léisung hier. Wie kéint do besser hëllefen, ewéi den Dr. Strange? Natierlech kënnt et, ewéi et komme muss – alles, an domat ass net nëmmen den Zauber gemengt, leeft schif.

Elo ass d’Situatioun onméiglech a geféierlech. Komplett ausser Kontroll. De Peter Parker muss erkennen, wat et wierklech heescht a bedeit de Spiderman ze sinn.

„Aus grousser Kraaft erfollegt grouss Verantwortung.“

D’Multiversum ass komplett duerchernee geroden, al an nei Bekanntschaften hunn hir fantastesch Optrëtter. Méi kann a wëll ech iech och net verroden. All Moment vum Film sollt eng eenzegaarteg Iwwerraschung fir jiddwereen sinn.

Wann ee mol dovunner ofgesäit, datt de Film vu Marvel ass, bleift nach unzemierken, datt d’Handlung, wann een tëscht den Zeile liest, immens gesellschaftskritesch ass. E beschäftegt sech mat Diskriminéierung a mat der Fro, wien eng zweet Chance verdéngt huet.

Dobäi geet et net nëmmen ëm den physesche Kampf tëscht Gutt a Béis, déi emotional Säit spillt eng wichteg Roll fir all Charakter, sief dat am Film, ewéi och an der Realitéit. Wéi eng Entscheedunge beaflossen de Rescht vum Liewen? An ob wéi eng Manéier? Wéi weess een, wat richteg a wat falsch ass? Geet et duer op de Spannesënn ze lauschteren? Dat weess emol net de Spiderman.

Villäicht nach ee klengen Tipp – wann Dir wëlles hutt de Film an der 4DX-Versioun ze kucken, haalt Iech gutt um Sëtz fest. Et kéint nawell eng turbulent a wackeleg Rees duerch New-York ginn. Mee se ass all Minutt derwäert!

Dernières nouvelles