2 Mol am Spidol mat Covid-19 infizéiert (Lieserbréif)

Meng Mamm ass Enn Dezember 2021 mat der Ambulanz op Esch an d’Spidol gefouert gi well si net méi opstoen a net méi trëppele konnt. Ufank Januar 2022 gouf si, nodeems et bedeitend besser gaangen ass, a si och nees lues mam Rollator trëppele konnt, op Diddeleng an d’Geriatrie/Reeducatioun verluet, wou si iwwregens och ganz zefridde war.

Net laang dono gouf si da positiv op Covid getest, souwéi och déi Fra nieft hier am Zëmmer. Mueres den Test gemaach, an am fréien Owend d’Resultat kritt. Laut den Aussoe vu menger Mamm wieren ausser hir an der Nopesch nach (mindestens) 3 aner Persounen op deem Stack positiv gewiescht. Op Nofro wollt d’Infirmière mir keng Zuel nenne well dat géif ënner „Secret Médical“ falen, an ausserdeem misst ee nach Tester vu weidere Persounen ofwaarden.

Zwou Kéiere wou meng Mamm sech an engem Spidol infizéiert huet: Mëtt Dezember 2020 war si zu Nidderkuer positiv getest ginn, kuerz no enger OP um Réck. Ech sot deemools, si sollen en zweeten Test maache fir sécher ze sinn. Nee, dat géife si net maachen. Wie positiv am Spidol getest gëtt, géif op d‘Covid-Statioun op Esch kommen. An do, a spéider nees zu Nidderkuer, ass si net ganz gutt behandelt ginn, mä dat géif elo ze wäit goe fir all déi Problemer duerzestellen mat deene meng Mamm deemools leider konfrontéiert gouf.

Dës Kéier war si da just nëmmen 2 Deeg op der Covid-Statioun zu Esch, an ass dono entlooss ginn. Si wollt och souwisou net méi op Diddeleng zeréck goen. Et wier net schlëmm, sot den Dokter, an si hätt och kaum Symptomer (wéi iwwregens déi meeschte Leit mat Omikron), also kee Grond fir si nach méi laang dozebehalen. Ausserdeem géife Better gebrauch gi fir méi schlëmm Fäll. Also heem, a kuerz drop koum de léiwe beléierende Bréif säitens der Santé fir den Isolement.



Wéi kann si sech dann 2 Mol an engem Spidol infizéieren? Déi 1. Kéier war guer kee Besuch erlaabt, an déi 2. Kéier hunn d’Kontrollen an der Entrée anscheinend och net ganz vill bruecht? Deen eenzege Besuch, deen si zu Diddeleng hat, war ech, iert si e puer Deeg drop positiv getest gouf, an si huet et sécher net vu mir krut! Vläicht gëtt d’Personal an de Spideeler jo och net esou gutt getest wéi dat soll sinn?

Ech hunn den 20. Januar 2022 eng Plainte bei der Direktioun vun der Santé agereecht, an et ass mol net eng Liesebestätegung koum. Do ass een da wuel net esou schnell wéi fir de Leit en Isolement ze veruerdnen?

E Spidol ass aus menger Siicht an der Responsabilitéit, fir dofir ze suergen, dass d’Leit net nach zousätzlech eppes oprafen, ob et elo schlëmm ass oder net. Natierlech ass ee ni ganz geschützt, an et kann ëmmer virkommen, dass een sech trotz alle Moossnamen iergendwou mat eppes infizéiere kann, dat sinn ech mir bewosst. Zum Gléck war et bei menger Mamm net schlëmm, mä et geet einfach ëm de Prinzip: Wann de Covid esou schlëmm soll si, wéi eis ëmmer gesot gëtt, da kéint meng Mamm sech jo vläicht iwwerleeën, ob si offiziell Plainte géint d’Spidol féiere wéilt? Dat wëll déi gutt Fra awer net.

Well soss kéint een de System mol mat senge Widderspréchlechkeeten an Onzoulänglechkeete konfrontéieren?

John Theisen

Dernières nouvelles