St.- Knuts-Dag: De Mythos ronderëm de Chrëschtbeemchen, deen aus der Fënster flitt

Wärend an eise Géigenden d’Chrëschtdagszäit no gutt 13 Deeg um Dräikinneksdag zu Enn geet, feieren d’Skandinavier eng Woch méi laang. Schluss ass um haitege St.-Knuts-Dag, dee bei eis bekannt ginn ass, well e grousse schwedeschen Ariichtungskonzär dozou eng interessant Reklamm lancéiert huet, déi eis wuel all am Kapp bliwwen ass.

Datt um St.-Knuts-Dag de Chrëschtbeemchen einfach aus der Fënster op d’Strooss geheit gëtt, war wuel eng gutt Marketing-Aktioun, déi allerdéngs wéineg mat der Realitéit ze dinn huet. A Wierklechkeet ass et nämlech eng strofbar Aktioun, déi mat enger Geldstrof, respektiv engem Openthalt am Prisong ausgoe kann.

„Knut för julen ut!“

Op schwedesch bedeit dat, datt mam Knut Chrëschtdag eriwwer ass. Dobäi geet den Dag op de Kinnek Knut VI vun Dänemark zeréck. Hie war streng gleeweg a wier wuel an enger Kierch erschloe ginn. Doropshin huet een de Kinnek 1101 n.Chr. Helleg gesprach.

Elo existéiert d’Theorie, datt hien den 13. Januar 1086 gestuerwe wier an doduerch de St.-Knuts-Dag an d’Liewe geruff gouf. Aner Quelle soen, datt hien esou eng grouss Freed un de Chrëschtdeeg hat, datt en eng Woch un déi festlech wanterlech Zäit drugehaangen huet.

Séissegkeeten amplaz Chrëschtbeemercher

D’Ariichtungshaus mat de véier Buschtawen huet d’Fest schliisslech fir säi „Knut Schlussverkauf“ genotzt – net nëmmen d’Beem géife falen, mee och d’Präisser. Geet een den Traditiounen no, esou missten awer éischter Séissegkeeten un d’Kanner verdeelt ginn, wéi datt et Chrëschtbeemercher reent.

Et ass nämlech esou, datt d’Skandinavier un deem Dag déi festlech Dekoratioun apaken, de Beemchen ofriichten an entsuergen. A Schweden dierfen d’Kanner déi séiss Leckereien, déi un den Äscht hänken iessen, wouduerch et wier si e besonnesch freedege Spektakel ass.

Wärenddeem ass et a Finnland eng grujeleg Gestalt, déi vun Haus zu Haus. Nach bis zur Nokrichszäit gouf de St.-Knuts-Dag mam Knutsbock (nuutipukki) gefeiert, e freche Gesell an de Géigendeel vum Kleeschen, dee bei all Haus schellt an d’Chrëschtdagszäit mat ewech hëlt. Mëttlerweil sinn et héchstens nach d’Kanner, déi sech Haren opdinn, sech an décke Pelz kleeden a vun Dier zu Dier ginn, fir Séissegkeeten ze kréien. Änlech wéi bei eis fir d’Fueszäit also.

Dernières nouvelles