Stater Gare: Aweiung vun zwee nei Quaien an der Passerelle

Gëschter huet déi offiziell Aweiung vun den neie Quaien, Gleiser an der Passerelle op der Stater Gare stattfonnt. Doduerch soll zum engen a bessere Service gebueden, awer och mäi Flexibilitéit garantéiert ginn. Zil ass et d’Stater Gare esou ze verstäerken, datt am Endeffekt all Zuchlinn säin eegent Gleis huet.

De Vize-Premier an Transportminister François Bausch, den éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg sou wéi déi éischt Schäffin vun der Gemeng Beetebuerg, och net ze vergiessen d’Membere vun der CFL hunn um feierleche Moment deelgeholl, wou d’Band duerchgeschnidden an domat eng nei Ära fir d’Stad Lëtzebuerg gestart gouf.

Net nëmmen d’Zuel u Passagéier, mee och den Transport vu Wueren ass an de leschte Jore massiv geklommen. Mat 500 €, déi an dësem Joer pro Bierger an d’Schinn investéiert gi sinn, weist Lëtzebuerg sech als grousse Virreider am Beräich vum Zuchverkéier. An esou gouf 2018 mam grousse Projet vun der Erweiderung gestart, deen 171 Milliounen Euro gefuerdert huet.

Nei Quaien op der Stater Gare
© CFL

Zanter 2019 war de Quai V schonn zum Deel am Asaz. Dëse gouf elo, zesumme mam Quai VI an de 4 Gleiser (11-14) a Betrib geholl. Fir d’Aarbechten duerchzeféieren huet den nërdlechen Deel vun der Gare wärend Wochen an u Weekender gespaart ginn.

Ma, dobäi kënnt déi nei Passerelle am modernen Design, déi elo de Quartier Bouneweg mat der Stater Gare verbënnt. Dat neit Element ass 100 Meter laang, iwwer 5 Meter breet a weit 400 Tonnen. Gebuede gëtt net nëmmen en Iwwergang, mee natierlech och Trapen fir d’Quaien z’erreechen, sou wéi 6 Lifter fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit, déijéineg déi net gutt ze Fouss sinn oder och d’Kannerkutsch dobäi hunn.

Nei Quaien op der Stater Gare
© CFL

Domat awer nach net genuch: Och un der Beetebuerger Gare gouf gewierkelt a fir méi Barrièrefräiheet gesuergt. Duerch déi nei Passerell vu 56 Meter Längt, ginn ënnert anerem 4 Lifter gebueden. De Projet huet 13 Milliounen Euro kascht, wäert awer nach viru gefouert ginn.

Bis 2025 soll nämlech déi ganz Beetebuerger Gare reamenagéiert sinn, wat bedeit, datt d’Quaie méi breet gemaach ginn, ënnert anerem och Marquiseë a Mauere géint de Kaméidi integréiert ginn.

An dësem Kader sief drun erënnert, datt mat dësen Ännerungen och de Fuerplang vun der CFL changéiert huet.

Dernières nouvelles