Keng Reservéierungsflicht méi um Stauséi

De Summer a seng waarm Temperaturen sinn zeréck, an domat klemmt och d‘Loscht sech nees méi dobaussen opzehalen. Esou profitéieren all Joer zuelräich Lëtzebuerger an Touristen vun den Aktivitéiten un a ronderëm de Stauséi. Dobäi ginn et elo verschidden Neiegkeeten.

Nodeems sech déi sanitär Situatioun entspaant huet, muss een des Saison keng Plaz méi am viraus reservéieren, wann een un enger vun de Plage vum Stauséi den Dag verbrénge well.

Ob een elo eng vun de villen Aktivitéiten am, um oder ronderëm d‘Waasser ausüübt, oder och einfach d‘Sonn an d‘Natur genéisse kennt, d‘Reegele si fir jiddereen déi selwecht:

  • Den Offall soll an der Poubelle entsuergt ginn;
  • Gegrillt gëtt just op den dofir virgesinne Plazen;
  • Hënn dierfen op keng vun de Plage matgeholl ginn;
  • Wëllcampen ass verbueden (Ab 23 Auer dierfen d‘Plagen net méi genotzt ginn);
  • Parken ass just op de gezeechente Parkplazen erlaabt.

An dësem Kader gëtt all Visiteur geroden den ëffentlechen Transport ze notzen. Hei gëtt et beispillsweis d‘Linn 55 Ettelbréck – Ueschdref, d‘Linn 624 Wolz – Bauschelt oder d‘Linn 627 Wolz – Léifreg. Donieft bréngt d‘Navette (Linn 690) een all Stonn ronderëm de Stauséi.

Wien awer net op den Auto verzichte kann, dee fënnt déi gratis Parkplazen „Am Kéilert“ (700 Plazen) an „Kräizfeld“ (250 Plazen) zu Ënsber a Lëlz. Vun hei aus ass een an 10-20 Minutten zu Fouss beim Stauséi, respektiv et profitéiert ee vum gratis Shuttle-Service Plage-Bus.

Fir 3€ d‘Stonn fannt Dir och Parkplazen direkt bei de Plagen zu Lëlz an Ënsber. Des sinn allerdéngs begrenzt.

Ma, och dëse Summer ass eng Ekipp u Ranger ronderëm de Stauséi ënnerwee fir d‘Visiteuren ze informéieren, ze sensibiliséieren an op en eventuellt Feelverhalen hinzeweisen.

Dernières nouvelles