Summer um Stauséi: Vu Mënschemassen, hirem Offall a Vandalismus

Nieft de Mënschemassen, déi leschte Weekend d‘Plage vum Stauséi reegelrecht iwwerrannt hunn an och Massen un Offall an der Natur hannerlooss hunn, ass elo och nach d‘Schwammbréck tëscht Lëlz a Léifreg wéinst Vandalismus gespaart ginn.

Den Naturpark Öewersauer informéiert, datt duerch d‘Spärung och eng Rei Wander- a Mountainbike-Tier net wéi gewinnt iwwert d‘Bréck verlafe kënnen. 

Bis den 30. Juni well d’Stroossebauverwaltung d‘Reparaturen ofgeschloss hunn. Uschléissend soll d’Schwammbréck nees accessibel sinn.

No der Verknaschtung leschte Weekend sief och drun erënnert, datt Offall an d‘Poubelle gehéiert oder een säin Dreck nees mat Heem soll huelen. Plastiksbarquetten, gliese Fläschen a Gedrénksbéchsen, Kartong an aner Materialien gehéieren net an d‘Natur – weder um Stauséi, nach soss anzwousch.

Eise Stauséi a seng Ëmgéigend sinn net nëmmen en Erhuelungsraum mat ville méiglechen Fräizäitaktivitéiten, mee och de Liewensraum vun zuelräichen Déieren, sou wéi de gréissten Drénkwaasserreservoir zu Lëtzebuerg.

Besonnesch d‘Awunner vun de Gemengen ronderëm de Stauséi hu sech iwwert d‘Behuele vun de Visiteuren opgereegt. Wärend der Pandemie hätt de System mat de gratis Reservatiounen fir eng gewësse Berouegung gesuergt. Dëst Joer muss ee seng Plaz op enger vun de Plagen net méi reservéieren, wouvun zuelräich Leit beim waarme summerleche Wieder profitéiert hunn.

Dernières nouvelles