Stiermesch Zäiten op Séi

Nodeems d’Rettungsschëff Sea-Watch 4 kuerz no Vältesdag an hirem Asazgebitt – der libescher Sich a Rettungszon agetraf ass, huet et « d’Aen gutt ophale » geheescht.

Bis zu enger Rettung huet et net laang gedauert, d’Ekipp huet an hirem éischten Asaz 121 flüchtend Persounen u Bord geholl.

Wärend enger zweeter Missioun goufen nach eemol 8 Persounen u Bord vun der Sea-Watch 4 bruecht. Datt dës Persoune gerett konnte ginn, ass just dem Opklärungsfliger ze verdanken. Dësen hat d’Boot a Séinout entdeckt an drop opmierksam gemaach.

Elo war et un der Rettungsekipp 129 Persoune mam Néidegsten ze versuergen. Dozou gehéiert éischt Hëllef, Iessen a frësch, dréche Kleedung. Zu de Flüchtlinge gehéieren och 40 Mannerjäreg.

Et war eng geféierlech Missioun, mat staarkem Wand a Welle bis zu 5 Meter. D’Séinoutrettungsschëff huet misse Schutz virun engem Stuerm sichen – glécklechweis hunn si deen och fonnt. Nodeems d’Wieder sech berouegt huet, war och d’Stëmmung u Bord besser.

Hoffnung ass opkomm.

Déi medezinesch Ekipp huet e puer Ënnerkillunge versuergt a kleng Blessurë behandelt. Den traumatesche Schuet bei munche Passagéier ass warscheinlech méi grouss.

Nodeems d’Mier sech berouegt huet, ass d’Rettungsschëff a Richtung Norde gefuer – ee sécheren Hafen huet misse gesicht ginn. D’Passagéier ware well 5 Deeg u Bord.

Dësen Hafen ass schlussendlech zu Porto Empedocle zu Sizilien fonnt ginn. Nodeems jiddwereen op de Covid19 getest gouf, konnten déi 129 Persounen de Sonndeg, den 28 Februar u Land – an hoffentlech an eng besser Zukunft trëppelen. Si hunn esouwuel ee laange Wee viru ma och hannert sech.

Dernières nouvelles