Syvicol ënnerstëtzt d’Ukrain

D’Land ass momentan Affer vun enorme militäreschen Aggressioune vu Russland. Et si schwéier Deeg. D’Weltnoriichten dominéieren dës onmënschlech Doten.

Dofir huet och Syvicol beschloss, sech solidaresch mat der Ukrain ze weisen.

Dës russesch Aktioune sinn net ze rechtfäerdegen, et ass ee Verstouss géint d’Vëlkerrecht, esou wéi vun der Souveränitéit vun der Ukrain a senge Leit. Dës Invasioun bréngt ganz Europa a Gefor. De Fridden, deen zanter dem Zweete Weltkrich gëllt, gëtt vergiess.

Syvicol ass schockéiert. D’Leed vun der ukrainescher Bevëlkerung beschäftegt och Lëtzebuerg a seng Gemengen. A genee dofir bekräftegt Syvicol seng Ënnerstëtzung a Solidaritéit.

Aus dësem Grond gëtt all Gemeng a Stad zu Lëtzebuerg gebieden, ukrainesch Fändelen ze hissen a Gebaier an de Staatsfaarwen ze beliichten.

Dës weideren sollen d’Gemengen Bewerber, déi Demanden op internationale Schutz begréissen, Ënnerkonfte sichen a bereetstellen an dës beim ONA mellen.

Eng weider Méiglechkeet sech solidaresch ze weisen ass, Net-Regierungsorganisatiounen ze ënnerstëtzen. All Hëllef ass wäertvoll – esou si wéinstens Grondbedierfnesser vun de Schutzbedürftege geséchert.

Dernières nouvelles