Terror zu Liverpool

Virun enger Fraeklinik ass um Sonndegvirmëtteg en Auto explodéiert, ee Mann ass Verstuerwen

Géint 11 Auer ass zu Liverpool en Taxi beim „Liverpool Women‘s Hospital“ virgefuer an nodeems de Passagéier erausgeklomme war, a sech op de Wee gemaach hat, koum et zur Explosioun. Séier waren d‘Beamte vum Merseyside-Kommissariat op der Plaz. Fir de Passagéier vum Taxi koum allerdéngs all Hëllef ze spéit, de Chauffer hat vill Chance, hien huet verletzt iwwerlieft.

Aus Grënn goufen direkt och d‘Beamte vum Konter-Terrorismus vum „Greater Manchester Police“ Departement erbäigeruff. Si ermëttelen elo mat zesumme mat de Kolleege vu Liverpool. Et soll schonn éischt Erfolleger hunn, jiddefalls koum et zäitno zur Festnam vun dräi Männer am Alter vun 21, 26 an 29 Joer. Virun der Verhaftung hat d‘Police eng ganz Strooss zu Toxteth ofgespaart.

D‘Leit an dëser Strooss, déi zum grousse Quartier Kensington gehéiert, ware vun der Police aus hiren Haiser evakuéiert ginn. Pompjeeë waren als Verstäerkung un all Wupp vun der Rutland Avenue opgestallt ginn, fir am schlëmmste Fall direkt intervenéieren ze kënnen. Ofgespaart goufen och d‘Alentoure vun de Boaler an der Sutcliffe Street. Am fréien Nomëtteg waren déi dräi verhaft.

Éischt Erklärungen a Reaktiounen

Am Nomëtteg huet d‘Chief Constable vun der Merseyside Police, Serena Kennedy, un d‘Adress vun der Ëffentlechkeet versicht eppes Rou an dat Ganzt ze bréngen. „Wärend mir verstinn, datt dësen Incident bannent eiser Communautéit vill Froen opwerft, sollt eis awer bewosst bleiwen, datt esou Virfäll éischter seele geschéien. D‘Merseyside Police wäert sech weider als Lien tëscht de Communautéiten engagéieren. Mir wäerten an den nächsten Deeg a Woche mat de verschiddene Gruppen an de Leader vun de Communautéiten iwwer bestoend Problemer schwätzen“.

Wéi et an esou Situatiounen ubruecht ze si schéngt, gëtt de Bierger eng gréisser Policepresenz op de Stroosse versprach. Säitens dem Spidol huet et Ukënnegunge ginn, datt bis op Weideres den Zougang zum Etablissement ageschränkt ass. An engem kuerze Communiqué huet d‘Direktioun vum Spidol wësse gelooss, datt de Service op d‘Mannst bis ee Méindeg mat wäert gestéiert sinn.

D‘Inneministesch Priti Patel an de Premierminister Boris Johnson hunn sech via Twitter zum Fall geäussert. Ob et Solidaritéitsmessagen aus dem Ausland ginn huet ass zur Stonn nach net gewosst. Och zur Identitéit vun de verhafte Männer, wéi Informatiounen zu de méiglechen Hannergrënn, huet et aktuell nach keng säitens der Police oder der Regierung ginn. Eng gréisser Pressekonferenz soll um haitege Méindeg, de medialen Informatiounshonger stëllen. Well een awer am Kontext vun engem als terroristeschen Attentat ass, dierft et kaum wann iwwerhaapt Detailer zur Persoun ginn.

mat indymedia/lon

Foto: „private submission“

Dernières nouvelles