Op Besuch am Testzenter um Kierchbierg

Iwwer 130 Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi sinn zanter dem 15. Januar all Dag an de 5 Testzentren am Asaz a féiere Schnelltester fir d’Salariéeën, déi eréischt eng Impfdosis géint Covid-19 kritt hunn, duerch. Gëschter huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch, zesumme mam Generol Steve Thull den Testzenter um Kierchbierg besicht.

Bal 1 Woch ass den 3G-Regimm op der Aarbecht a Kraaft. Dobäi mussen d’Salariéeën reegelméisseg en Zertifikat vun der Impfung, der Genesung oder engem negativen Test virweisen, fir iwwerhaapt op der jeeweileger Plaz schaffen ze dierfen. 20 Code fir gratis Schnelltester sinn all deenen Employéeën zur Verfügung gestallt ginn, déi hir éischt Impfung scho kritt hunn. A speziell dofir si 5 Testzenteren ageriicht ginn.

Op Besuch am Testzenter um Kierchbierg
© EMA

Bei hirer Visitt hunn de François Bausch a Steve Thull déi ganz Prozedur erkläert a gewise kritt, an duerften uschléissend och selwer probéieren. „D’Arméi huet et hikritt dës Campagne a Rekordzäit ëmzesetzen. Ech mierken, datt alles exemplaresch ofleeft a felicitéieren der Arméi a senge Memberen fir d’Duerchféiere vun hiren Aarbechten an den Engagement“, sou de François Bausch.

Weider Informatiounen zu den Testzentren, dem Fixéiere vun engem Rendez-vous an den Ëffnungszäite ginn et op www.covidtesting.lu.

Dernières nouvelles