Netflixtipp: The Unforgivable

D’Schauspillerin Sandra Bullock ass ee Meeschter vun der Verwandlung. Et muss ee schonn zweemol hikucken, fir datt een erkennt, wien sech hannert deem bleechen an agefale Gesiicht vun der Protagonistin Ruth verstoppt.

Am neisten Netflix-Drama spillt déi berüümte Schauspillerin eng Mäerderin, déi no 20 Joer aus dem Prisong entlooss gëtt. Elo probéiert hatt säi Liewen nei opzebauen an al Kontakter opzefrëschen. Dobäi muss ee schonn umierken, datt d’Sandra Bullock d’Roll mat enger uerdentlecher Portioun Authentizitéit verkierpert.

Schwiereg um Ruth sengem Neiufank, ass d’Gesellschaft, déi him seng Dot net verzéie wëll. An awer zitt et d’Ruth ëmmer erëm zeréck op déi Plaz, déi fréier säin Doheem war. Dat suergt nawell fir allerlee Problemer. Mee hatt gëtt d’Hoffnung net op a begëtt sech op d’Sich no senger jéngerer Schwëster Katie.

D’Ruth ka sech bal net verzéie wat deemools virgefall ass. Natierlech kritt hatt bei senger Sich allerlee Steng an de Wee geluecht an erlieft och sou munch Iwwerraschung. Mee hatt kritt sech duerch seng Erfarungen am Prisong duerchgesat, hatt weess sech ze wieren.

De Spectateur huet vun Ufank un d’Gefill, datt méi hannert där Geschicht stécht. Sollt en domat Recht behalen?

Also – kann een Matleed mat enger Mäerderin hunn? Wärend dem Film stellt een sech d’Fro reegelméisseg. Eigentlech wär d’Äntwert « Nee », mee bekanntlech ass net alles schwaarz oder wäiss. D’Ruth huet seng Strof ofgesiess – et läit un de Spectateuren, sech op seng Säit ze stellen an un hatt ze gleewen. An zum Schluss geet een mat enger iwwerraschender Wendung belount.

A genee dofir lount et sech de Film op Netflix ze kucken!

Dernières nouvelles