Mat Vollgas iwwert d’Tower Bridge!

D’Tower Bridge ass eng vun den Top-Attraktiounen an der britescher Haaptstad London. Nodeems am Joer 1886 d’Konstruktioun ugefaangen an 8 Joer gedauert huet, duerft offiziell um 30. Juni 1894 den éischten Auto iwwert d’Bréck fueren.

Wien u London denkt, huet wuel direkt Biller vum Big Ben, dem Buckingham Palace an der Queen am Kapp. Mee och déi 224 Meter laang an 65 Meter héich Hänge- a Klappbréck mam Numm Tower Bridge, déi iwwert der Themse hänkt, zitt all Joer dausende Visiteuren un.


Gebaut ginn ass si, wëll d’Bevëlkerung vun der Stad am 19. Joerhonnert enorm geklommen ass. Iwwer 6 Millioune Mënschen hu bemol an der Groussstad gelieft, woumat natierlech och de Chaos op de Stroossen ausgebrach ass. Iwwer laang Zäit huet ee soumat no Léisunge gesicht, woubäi ee sech no Joren dann op eng Bréck eenege konnt.

D’Iddi vun der Bréck koum vum Ingenieur Joseph Bazalgette. Fënnef Entreprisen an 432 Aarbechter hu sech uschléissend mam Projet beschäftegt. An den Tierm an bei der Foussgängerbréck sinn insgesamt 11.000 Tonne Stol verschafft ginn, an d’Tierm sinn herno mat Kalksteen verkleet ginn.

Haut virun 128 Joer war et endlech esou wäit: D’Tower Bridge ass offiziell a feierlech vum Fürst vu Wales, dem spéidere Kinnek Edward VII, ageweit ginn. Beim Bau huet een och dru geduecht, datt grouss Schëffer nach iwwert d’Themse fuere kënnen. D’Tower Bridge léisst sech nämlech opklappen. Fréier huet een hydraulesche System mat zou Kolbendampmaschinne Waasser an Drockspäicher gepompelt. Mat der Kraaft, déi dobäi entstanen ass, konnt d’Bréck schliisslech héichgeklappt ginn. Zënter 1974 gräift een heifir op Ueleghydraulik an elektresch Pompelen zeréck.

Iwwregens ass den 30. Dezember 1952 ee Bus iwwert d’Tower Bridge geflunn. De Chauffeur Albert Gunter war ënnerwee a Richtung London Shoreditch an huet bemol gemierkt, datt d’Bréck ugefaangen huet opzeklappen, hie stoung mam Gefier awer op deem Deel, dee sech ëmmer weider schif gestallt huet. Hien huet net gezéckt a schnell gehandelt: Gank eran, Ulaf huele, Gas ginn a sprangen…mam Bus! Fir seng couragéiert Schnellegkeet ass hie spéider souguer belount gi mat 10 Pond.

Dernières nouvelles