24 Diere bis Helleg Owend: D’Urspréng vum traditionellen Adventskalenner

Den Adventskalenner gehéiert, sou wéi och de Chrëschtbeemchen, d’Krëppchen an den Adventskranz, fir eis einfach zu de wanterleche Feierdeeg dozou. Ab dem 1. Dezember gëtt all Dag eng Dier opgemaach a léisst esou d’Freed op Helleg Owend klammen. Mee wouhier kënnt iwwerhaapt dës Traditioun?

Et ass e reliéise Brauch, deen am 19. Joerhonnert an Däitschland säin Ufank soll fonnt hunn. Als éischt gëtt de Johann Heinrich Wichern genannt, deen 1838 zu Hamburg dat „evangelescht Knabenrettungshaus“ geleet huet. Nodeems d’Kanner warscheinlech ëmmer erëm gefrot hunn, wéi laang et dann nach bis Chrëschtdag wier, huet hien 20 kleng a 4 grouss Käerzen op e Kranz, respektiv e Rad gesat an all Dag wärend der Mass eng Käerz ugefaangen.

Adventskalenner
Den Adventskranz vum J. H. Wichern (CC BY 2.5)

Deemools sollen Famillen och mat Kräid 24 Strécher un d’Mauer gemoolt, an all Dag een ewech gewëscht hunn, respektiv all Dag een Stréihallem an d’Krëppche leeën. An Éisträich gouf et wärenddeem d’Traditioun, datt d’Figur vum Chrëschtkëndchen op enger Lieder all Dag eng Spross erofklammen duerft, fir esou der Äerd méi no ze kommen.

Ma, zum Ufank vum 20. Joerhonnert si schliisslech sougenannt Chrëschtdagsaueren erauskomm. Eng Plack war dobäi a 24 Partien ënnerdeelt, wou jeeweils e Bild oder Text ze fanne war. An natierlech huet een och hei all Dag den Zeiger e Stéck viru gedréit.

Ëm dës Zäit ass och riets vum Gerhard Lang aus Baden-Württemberg, deen als Kand vu senger Mamm eng Këscht mat 24 Kichelcher geschenkt krut. Als Erwuessenen huet hien den éischte gedréckten Adventskalenner mam Numm „Im Lande des Christkinds“ op de Maart bruecht, bei deem 24 Billercher hu missen ausgeschnidden an opgepecht ginn.

Adventskalenner
‘Im Lande des Christkinds’ vun 1903 (gemeinfrei)

Den Adventskalenner wéi mir en haut kennen ass an den 20er Joren entstanen. Eng englesche Paschtouer hätt hannert all Dier e Bild vu Figuren, deelweis och Versen aus der Bibel verstoppt. Aner Quellen erziele vu Kënschtler an Illustratoren déi den Adventskalenner mat Biller fir ofzerappen erausbruecht hunn.

An de 50er Joren goufe schliisslech Säckelcher mat Schockela, Kichelcher an anere Séissegkeeten, jo souguer Spillsaache gefëllt.

Hautdesdaags ginn et esou vill verschidde Modeller un Adventskalenneren, datt fir all Interessi eppes sollt dobäi sinn. Vu Séissegkeeten a Spillsaache fir Kleng a Grouss, hin zu alkoholeschen Produiten fir sech duerchzeschmaachen, Bijouen, Kosmetik oder och d’Versioun fir eis Hausdéieren, an ob kaaft oder selwer gemaach sinn der Fantasie keng Grenze gesat. A wat hutt Dir fir en Adventskalenner?

Dernières nouvelles