Ëffentlechen Transport: Keng Maskeflicht méi

Haut um 17 Auer ass d‘Maskeflicht am ëffentlechen Transport entfall. Besonnesch vulnerabele Persounen gëtt awer weiderhingeroden, e Mond-Nues-Schutz ze droen.

Leschten Donneschdeg ass dat neit Covid-Gesetz unanime gestëmmt ginn. Haut koum schliisslech dës Matdeelung säitens der Chamber op Twitter: „D‘Gesetz ass mat der Dispens vum 2. Vott a mat der Ënnerschrëft vum Grand-Duc, elo a Kraaft“.

Aktuellgëllt d‘Maskeflicht zu Lëtzebuerg just nach bei Visitten am Spidol, beim Dokter an am Alters- a Fleegeheem. Muer gëtt am Regierungsrot doriwwer diskutéiert ob weider Restriktiounen opgehuewe solle ginn.

Dernières nouvelles