Lockdown fir Ueweréisträich a Salzburg

Am Ufank sollte just déi ongeimpft Persounen ënner „Hausarrest mat Ausgangsrecht“ gestallt ginn, esou zumindest de Plang vum konservativ-populistesche Landeshaaptmann Thomas Stelzer. Nach ´ zwee Deeg hat de Ministerpresident vu Salzburg, Wilfried Haslauer, ze verstoe ginn, datt hien alles ausser engem Lockdown wëll. Um Dënschdeg hat hien dozou Moossname presentéiert…

Dat ass esou mat bal all de Politiker, si gesi wat op se duer kënnt, kréien awer d‘Punkten A & B net matenaner verbonnen ouni iwwer C & D ze goen. Elo goufe gëschter iwwer 15.000 Neiinfektioune gemellt, eng Zuel déi et net emol dank dem „Ischgl-Express“ sengerzäit hat. A well zumindest elo gewosst ass, datt et net ouni Mesure geet, gi béid Bundeslänner ab e Méindeg an de Confinement.

Béid ÖVP-Honoratioren haten sech jo och dem Parteikolleeg a Kanzler, Alexander Schallenberg, ugeschloss, dee sech géint Aschränkunge fir geimpfte Mënschen ausgeschwat hat. Blöd allerdéngs, dat d‘Impfung net virun enger Infektioun schützt, a just de Verlaf schwächt. Mee déi geimpft ginn net getest, well d‘Politik dat mam „Iwwerdroe vu Krankheeten“ net versteet. Dat huet gutt Grënn.

Richteg ass dann awer schonn, datt d‘Spideeler besonnesch an Ueweréisträich a Salzburg eppes um Limitt sinn, wat natierlech dëser – jee no Land déi 4. oder 5. – Well geschëlt muss sinn, an et keen Zesummenhang domadder kann hunn, datt iwwer Joren ewech Better a Personal – aus renger Gier – ofgebaut goufen. Da léiwer Confinement, Télétravail, a Besuchsbeschränkungen fir jiddereen…

Politiker si fir hir Handlungen an Entscheedungen net verantwortlech

Wann elo déi hei genannte Bundeslänner eng 40% vun den Neiinfektioune fir sech beusprochen, esou kéim et dem Duo Stelzer/Haslauer ganz geleeën, wann d‘Mesuren eenheetlech, also am ganze Land eenheetlech ugewannt géifen. Ueweréisträich a Salzburg jiddefalls, dierfte bis wäit hanner Chrëschtdag am Lockdown festhänken. Et kënnt elo och zu Grenzkontrolle mam Noper Bayern.

Interessant nach d‘Feststellung, datt no elo bal 2 Joer, ee grénge Gesondheetsminister, de Wolfgang Mückstein fir en net ze nennen, engersäits de Couvre-Feu, also Ausgangsspäre fuerdert, an ufänkt ganz am Eescht iwwert eng allgemeng Impfflicht nozedenken. Begrënnt gëtt dat mam Constat, datt d‘Leit sech net op de Booster stierzen, dee recommandéiert, also eigentlech verflichtend muss sinn.

An esou wäert komme wat längst hätt missen decidéiert ginn. Leider ass déi politesch Intelligenz an Éisträich wéi bei eis an eigentlech an der ganzer Europäescher Unioun, extreemst defizitär an och ëmmer méi rietspopulistesch ausgeriicht. Dat hëlleft dem Denken net an erliichtert och d‘Analys vu Fakten net. Fir eng Impfflicht allerdéngs, ouni datt et zum Opstand kënnt, ass et eppes ze spéit…

mat indymedia/szg/vie

Dernières nouvelles