D’Affer vun der Digitaliséierung: A schonn erëm maachen zwou Postfilialen zou

D’Schléissung vu weidere Postfiliale steet un, dës Kéier zu Esch-Lalleng sou wéi an der Bielesser-Strooss. Wärend de Client doduerch motivéiert soll ginn, op Online-Banking zeréckzegräifen, leide besonnesch eeler a vulnerabel Persounen ënnert der Fermeture.

Och dës Kéier verurteelt de Konsumenteschutz (ULC) d’Schléissung zudéifst a beschreift et als eng „onsozial Virgoensweis“. Schliisslech ginn et nach ëmmer Clienten, déi op d’Hëllef vun engem Beamten um Schalter ugewise sinn. Dës Méiglechkeet gëtt hinnen ëmmer méi entzunn.

D’ULC kritiséiert, datt ëmmer méi Mënschen am Ree stoe gelooss ginn, an dat obwuel de Staat jo eigentlech eenzegen Aktionär vun der Post ass.

E weidere Problem läit doran, datt mat der Schléissung vun ëmmer méi Post- an och Bankfilialen de Client e méi wäite Wee muss op sech huelen, fir vun engem Service profitéieren ze kënnen. Heirënner leit am Endeffekt och de lokalen Handel. Schliisslech fënnt de Client scho laang net méi all Servicer op enger Plaz, mee éischter verspreet duerch d’Nopeschdierfer.

E klengen Trouscht gëtt et awer: Am Büro zu Esch-Lalleng kënnen eeler Bierger nach Äntwerten op sozial Froe sichen…

Dernières nouvelles