Um Dënschdeg ee „gestoppten“

No véier Joer Béier-Adventskalenner, dierft engem verständlech sinn, datt sech d‘Redaktioun eppes Erfarung ugedronk huet, firwat sech geduecht gouf, kënne mir dat och? Spoiler: Nee mir kënne kee Béier brauen, kennen awer an der tëscht vill gutt Braumeeschter an artisanal Brauereien. A wann ee sech kennt, geet villes méi liicht vun der Hand. An dofir steet hannert der 7. Dier „eise“ Béier…

Also streng geholl ass et dem „Ben“ säi Béier. Ee sympathesche Borscht, deen zu Esch-Uelzecht an zu Hamburg (D) Caféë bedreift. Och hien huet seng „Hausmark“ an zuweile ganz gutt Iddien zum „wéi soll dat schmaachen“. Mir hunn eis fir een Happgestoppten (nei-lëtzebuergesch: dry hopping) entscheet. Dës Technik, erfonnt vum Thomas Hafno (Häffner Bräu) gëtt et zanter engem Joerzéngt.

Woubäi „erfonnt“ ass net ganz richteg. Och fréier gouf, dat allerdéngs mam Hannergedanken de Béier méi laang haltbar ze maachen „iwwert den Domm“ eppes méi Happ bäigemëscht. Grad bei Béierzorten aus dem angelsächsege Raum, war dat wéinst den antibakteriellen Eegenschafte vum Happ, eng gängeg Virgoensweis. Richteg ugewannt, kann een esou awer och de Geschmaach vu fäerdegem Béier beaflossen. An do kënnt dann nees dem Braumeeschter seng Konscht an d‘Spill.

Am Fonge geholl heescht „Happgestoppt“ jo just, datt een nom eigentleche bäimësche vum Happ wärend dem „Kachen“ de nach emol Happ derzou gëtt. Interessant hei: et ass bal egal mat wéi engem Béier een dat mécht. Uewer- oder ënnergäreg, spillt keng direkt Roll. Den IPA ass hei eng Ausnam, dee muss gestoppt ginn, soss ass et ee Pale Ale. Et huet bestëmmt weider Ausnamen.

De Ben, vertraut (mir och) der Heischter Brauerei vum Benny Wallers an dem Braumeeschter Stephan Schütz. Wëll et sënn mécht gouf schonn als Basis ee méi happbetounte Béier a Betruecht gezunn. Eise gestoppten Hellen, dee „Ben‘s Beer“ gedeeft gouf, ass folgerichteg eng Exklusivitéit, déi et wierklech nëmmen an dësem Kalenner huet. De Ben a méi wënschen iech ee gellege „Prost“.

Dernières nouvelles