Iwwer 1.500 problematesch Plazen op Veloskaart.lu vermierkt

Vun August bis Oktober 2021 huet de Mouvement Ecologique d’Vëlosfuerer gebieden, op enger interaktiver Kaart problematesch Plazen anzedroen. Iwwer 1.000 Persoune sinn dësem Opruff nogaangen an hunn ëm 1.500 Umierkungen, deelweis och mat Fotoen, Filmer a Kommentaren vermierkt. D’Resultat vun dëser Initiative gouf elo un all politesch Responsabel geschéckt.

D’Fréijoer steet virun der Dier. An domat wier et och den idealen Zäitpunkt fir Gemengen a Stied, Moossnamen zur Fërderung vum Vëlosverkéier z’ergräifen. Ma, d’Vëloskaart vum MECO offréiert heivir e super Iwwerbléck wou iwwerall Verbesserungspotential besteet.

Dobäi kommen d’Kriticke vun deene Persounen, déi am Alldag mat problematesche Plazen a Streckenofschnëtter, sou wéi ganz feelende Vëlosweeër konfrontéiert ginn. Well een déi douce an aktiv Mobilitéit fërderen, sollt och fir déi néideg Attraktivitéit, Vernetzung a Sécherheet gesuergt ginn.

D’Resultat vun der Vëloskaart.lu gouf rezent un déi politesch Responsabel (Gemengen, Chamber, Ministèren, …) geschéckt.

Heibäi betount de MECO, datt d’Stroossen zu engem liewege Liewensraum ëmgewandelt solle ginn. An engem aktive Stroosseliewen muss och Plaz fir de Vëlo- a Foussverkéier sou wéi den ëffentlechen Transport gebuede ginn. Ma, heivir muss de Vëlosverkéier zur ieweschter Prioritéit ginn. Proposéiert gëtt, datt beispillsweis all Gemeng ee Verantwortlechen fir de Vëlo- a Foussverkéier wielt, un dee sech Bierger mat hiren Umierkunge kënne wennen.

Zousätzlech dozou muss de Vëlo als Transportmëttel fir den Alldag gefërdert ginn. Dofir braucht een natierlech déi noutwenneg Infrastrukturen a Weeër, woubäi och dru geduecht muss ginn, datt regional a kommunal Vëlosweeër verbonne ginn fir en zesummenhänkend Netz ze schafen an de sécheren an einfachen Transit vun A no B z’erméiglechen.

Ma, och bei Chantieren op de Stroossen sollt d’Siicht vum Cyclist berécksiichtegt ginn an d’Planung deementspriechend gestalt ginn. Et sollt ee keng Angscht hunn, datt Moossnamen zur Fërderung vum Vëlo och emol op d’Käschte vum Individualverkéier ginn (z.B. wa Parkplaze ewechfalen, …).

D’Bierger anzebezéien an do no Feedback ze froen, wou Mënschen reegelméisseg mat Problemer konfrontéiert ginn an déi real Situatioun ëmschreiwe kënnen – kuerz en aktiivt Abezéien – ass essentiell.

Dernières nouvelles