Stad Lëtzebuerg: Vereedegung vu 57 neie Fonctionnairen

Gëschter huet d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, a Presenz vum Simone Beissel, Maurice Bauer, Laurent Mosar a Francois Benoy, 57 nei Fonctionnaire feierlech vereedegt. Domat zielt eis Haaptstad 4.458 Beamten, déi an de verschiddenste Beräicher aktiv sinn.

Ma, d‘Fraen an d‘Männer, déi gëschter un der feierlecher Zeremonie deelgeholl hunn, sinn an de Servicer Autobus, Bierger-Zenter, Kanalisatioun, Zirkulatioun, Waasser, Beliichtung, Zivilstand, Gebaier, schoulesch Foyeren, Park, Sport, Theater, Parking, Stroossebauamt, Gefierer a Maintenance, sou wéi am Conservatoire, der Direktioun vun der Mobilitéit an dem General-Sekretariat beschäftegt.

Dernières nouvelles