Carte Blanche: Gaslighting, de verstoppte Mëssbrauch

Villäicht huet deen een, oder anere schonn eng Situatioun erlieft, an där eng Persoun probéiert huet iech ze iwwerzeegen, datt dir eppes gesot hutt, un dat dir iech net erënnere kënnt.

No laangem Nodenke sidd dir zu där Entscheedung komm, datt dëst wierklech net de Fall war. Dir hutt iech iwwerzeegt, datt dir Recht hutt. An awer bleift de Géigeniwwer bei senger Meenung – an dat mat esou enger Iwwerzeegung, datt dir elo un iech zweiwelt.

Villäicht war et jo awer esou – a schlussendlech hutt dir him gegleeft.

Mee villäicht war dir d’Affer vu Gaslighting.

Dëst Phänome gouf an de 60 Joren déi éischte Kéier beschriwwen. Et kann op der Aarbechtsplaz oder am familiären Ëmfeld virkommen. Meeschtens sinn Bezéiungen dovunner betraff. Dëst ass och Gewalt an der Bezéiung. Gaslighting ass eng Form vu Manipulatioun a Kontroll, déi eng Persoun op déi aner huet. D’Zil dobäi ass d’Affer onsécher ze maachen, bis datt d’Realitéit net méi vu Ligen ze entscheeden ass. Doduerch gëtt d’Affer duercherneen.

Et ass eng absichtlech Form vum Léien, den Täter profitéiert dovunner. Et ass psychesche Mëssbrauch an Aschiichterung. A genee dofir ass Gaslighting schwéier ze erkennen. Dës weideren ass den Täter, dacks eng Person, där bedéngungslos vertraut gëtt. Hien ass frëndlech, mir hunn eng enk Verbindung zu him.

Dat kënnt méi dacks vir, ewéi mir mengen. A munche Fäll kann d’Affer souguer denken, et géing geckeg ginn. Mir kéinte souguer denken, datt mir ni op dës Manipulatioun erafale géingen. Allerdéngs iwwersi mir, datt sech solch Bezéiungen an enger Situatioun ofspillen, an där mir Gefiller hunn.

Wéi kann ee Gaslighting erkennen?

Am Allgemengen ass d’Affer eng mësstrauesch Persoun, déi ee fonnt huet, där si vertraue kann. Ma leider dee Falschen. Den dominante Partner ass onsécher an dovunner besiess, anerer ze kontrolléieren. Hie schéngt frëndlech ze sinn, a seet, datt hien op d’Wuel vun deem aneren Uecht doe wëll. Mee dat ass ee falscht Spill.

Iergendwann idealiséiert d’Affer dëse Mënsch – an esou hëlt d’Geschicht hire Laf. Wann dës Manipulatioun iwwert eng laang Zäit geet, huet dëst batter Konsequenz fir d’Affer. Et ass beonrouegend, mee dës Persoun fänkt un an dësem Manipulatioun- a Ligekonstrukt ze liewen. D’Konflikter vum Täter ginn seng eegen.

D’Form vum Gaslighting ass an dräi Stufen ënnerdeelt.

Wärend der éischter Stuf wiert d’Affer sech nach mat Argumenter a probéiert d’Aussoen ze widderleeën. Wärenddeem probéiert den Täter d’Affer ze iwwerzeegen, wéi et fillen an denke soll. Dat kënne stonnelaang Diskussioune ginn. Verlueren Zäit, déi vill Kraaft kascht.

An der zweeter Phas probéiert d’Affer oppen ze sinn, fir déi aner Siichtweis besser ze verstoen. Well dat onméiglech ass, fänkt d’Affer un, seng Iwwerzeegung ze iwwerschaffen.

Den drëtten Zoustand ass Verwirrung an eng komplett Gehierwäsch. D’Affer fänkt un dem Täter seng Siichtweis ze gleewen – an datt et normal an dofir real sollt sinn …

Sollt iech dëst bekannt virkommen, kënnt dir iech bei engem Berodungsdéngscht mellen.

Dernières nouvelles