Buchtipp: Von Hier bis zum Anfang vum Chris Whitaker

De Vincent King souz 30 Joer laang am Prisong – hie soll engem Mënsch d’Liewe geholl hunn. Elo gëtt hien entlooss, et verschléit hien zeréck a seng Heemecht Cape Haven. D’Leit begéine him mat Mësstrauen, nëmmen de Polizist Walk, ee fréiere Frënd, gleeft un hien.

Allerdéngs huet de Vincent och Feinden – d’Familljemember vum Doudesaffer. Op der Sich no Erléisung, passéieren tragesch Momenter, déi Folge fir jiddwereen hunn. Dobäi huet d’Buch nach vill méi ze bidden – Geschwësterléift, ënnerschiddlech Charakteren, déi all op hier Manéier eenzegaarteg sinn. Si sinn net nëmme gebrach, si kämpfen fir aus dem Däiwelskrees erauszekommen.

D‘Kriminalfäll fesselen de Lieser esou fest un d’Buch, datt een et scho bal net méi aus der Hand leeë kann. Dobäi kënnt dann nach de kraaftvolle Schreifstil, deen fir eng stëmmungsvoll Atmosphär suergt. D’Geschicht ass esou authentesch geschriwwen, datt een fir kee Moment un hirer Existenz zweiwelt. D’Buch ass komplex, emotional a familiär – mat enger Familljegeschicht déi 30 Joer laang zeréck läit an an der klenger Stad zu Kalifornien net vergiess gëtt.

Mee wat ass deemools mat deem 7 Joer ale Meedchen, Sissy Radley passéiert? A firwat ass de Vincent (15 Joer) den Täter? Ass hien wierklech schëlleg? Säi Frënd, de Walk geet där Saach op de Grond. Ma wäerten him d’Äntwerte gefalen? Et ass eng schwéier Geschicht, déi batter um Mo läit. Iwwregens ass de Bestseller beim Piper Verlag verëffentlecht ginn.

Dernières nouvelles