2 Fäll vu Vullegripp zu Lëtzebuerg festgestallt

Den Typ H5N1 vun der Vullegripp gouf elo bei wëlle Gänsen zu Réimech a Wëntreng nogewisen. Fir datt de Virus sech net weider ausbreet, virun allem net op eis Hénger, gi Virsiichtsmoossname getraff.

Dofir gëllt elo:

  • Halt Är Vullen dobannen a loosst se just eraus, wann de Bausseraum mat engem Netz/Gitter esou zou ass, datt kee Kontakt mat wëlle Vullen méiglech ass;
  • Fudder a Waasser dierf just bannen offréiert ginn, wou wëll Vulle keen Zougang hunn;
  • D’Reegele vun der Biodiversitéit musse streng befollegt ginn;
  • All Rassemblementer mat Vullen (beispillsweis bei enger Expo) si verbueden;
  • All anormale Stierffall muss engem Veterinär matgedeelt ginn.

Fënnt een dobaussen e blesséierten oder doudege Vull, soll een dësen net upaken, mee e bei der Veterinärsverwaltung mellen (E-Mail info@asv.etat.lu oder Tel.: 247-82539). Et sief och nach emol drun erënnert, datt de Konsum vu Fleesch an/oder Eeër keng negativ Folgen fir de Mënsch dierft hunn.

Dernières nouvelles