Wäertvoll Familljenzäit

Ee gemittlechen Dag mat den Elteren a Grousseltere verbréngen, dat ass Gold wäert. Fir dësen Zesummenhalt ze feieren, war gëschter den internationalen Familljendag.

Dësen gëtt et iwwregens schonn zanter 29 Joer. Den Dag ass am Joer 1993 vun de Vereenten Natiounen ausgeruff ginn, fir op déi besonnesch Bedeitung vun der Famill an eiser Gesellschaft a fir de Staat opmierksam ze maachen. Wat wäre mir ouni Famill – a wann se nach esou kleng ass?

Mir léieren vuneneen ewéi wichteg et ass, fireneen Verantwortung a Récksiicht ze iwwerhuelen. Et ass schéin mateneen ze feieren an all Ablack ze genéissen.

Oder sech ze verdroen, wann ee gestridden huet. Mir léieren ze deelen. Eng Famill ass eng wäertvoll Entreprise – wuertwiertlech. Kanner brauchen Zäit, et kascht Suen si gesond opwuessen ze loossen. Dobäi kënnen et alt mol Problemer ginn. Mammen a Pappen hu Schwieregkeeten de Beruff an d’Famill ënnert een Hutt ze bréngen. D’Suerge si grouss, wann si ouni Aarbecht do stinn.

Ma a ville Länner ass et nach méi schwéier – et gëtt kee Kannergeld a Kanner ginn vun hiren Elteren ausgesat oder zwangsbestuet. « Famill » hunn si ni erlieft.

Et ginn also vill Grënn sech un engem Dag e puer Gedanken iwwert d’Famill ze maachen an de Léifsten eng kleng Freed ze maachen.

Dernières nouvelles