D‘Wanderweeër zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass nawell ee schéint Land mat villen ënnerschiddleche Wanderweeër. D‘Initiativ, déi an de 60er Joren entstanen ass, huet esou ee Succès, datt d‘Groussherzogtum mëttlerweil op 210 Wanderweeër kënnt.

Allerdéngs huet sech d‘Landschaft am Laf vun der Zäit verännert. Stroosse sinn dobäi komm, Brécke si gebaut ginn an d‘Land gëtt anescht genotzt.

Dofir ass et erfuerderlech dës Wanderweeër ze iwwerschaffen. Esou gëtt d‘Qualitéit erhéicht a fir eng besser Sécherheet gesuergt.

Den neie Plang fir dëst ze realiséieren, gesäit vir datt all d‘Routen iwwerpréift ginn – Attraktivitéit a Sécherheet spillen eng wichteg Roll. Dës weidere gi bestëmmte Strecke suppriméiert, wa keng zefriddestellend Alternativ fonnt ka ginn. An dësem Kader kann et och zu klengen Ännerungen am Circuit kommen.

Fir de Komfort fir d‘Spadséiergänger ze erhéijen, gëtt de Wanderwee a béid Richtungen markéiert. Och d‘Schëlder ginn aktualiséiert a wäerten an Zukunft ee QR-Code enthalen, deen déi betreffend Streck uweist.

Een neit Zeechen fir de Wanderwee

Zanter 50 Jore besteet d‘Zeeche vun de Wanderweeër aus engem bloe Fändel (oder Feil) op wäissem Hannergrond. Dës ginn op Beem gemoolt oder mat Stickeren oder Aluminiumplacke befestegt. Dat ännert sech elo.

D‘Generaldirektioun vum Tourismus huet sech den Empfeelungen vun der Europäescher Wanderfederatioun ugepasst. Dës fënnt d‘Markéierungen a béid Richtunge besser.

An Zukunft kënne Spadséiergänger och op de QR-Code zeréckgräifen, deen op den neie Beschëlderungen ze fannen ass. De Code féiert zu enger aktueller Versioun vun der Geoportail-Kaart.

D’Ännerungen, déi am Éislek hiren Ufank fonnt hunn, wäerte bis 2022 an 2023 hire Wee duerch d‘Wanderweeër vu Lëtzebuerg erreechen.

Den Tourismusminister Lex Delles betount, datt Wanderen de beschte Wee ass, Lëtzebuerg erëm ze entdecken.

All Wanderwee kann op der Internetsäit www.visitluxembourg.com oder op de Säite vun den lëtzebuergeschen Tourismusbüroen agesi ginn.

Och hei kann een sech informéieren.

Dernières nouvelles