Wann ee geléifte Mënsch goe muss

Den Doud gehéiert zum Liewen dozou, ma et ass awer schwéier Wierder ze fannen, wann ee weess, datt eng geléifte Persoun stierwe wäert. Et stécht e voller Péng a bemol spruddelen d’Wierder einfach aus engem eraus – ob e wëll oder net. Mee leider gëtt et näischt wat dat Lach an deem ee sëtzt, erëm fëllt.

Deng Léifsten: bont Blummen, déi däi Liewe faarweg maachen, Reen an deng dréchen Wüüst bréngen an dir Schiet ginn, wann d’Sonn ze staark schéngt.

Dobäi vergiesse mir dacks, datt dat net vun Dauer ass, kee Gaart bléit éiweg. E kale Wanter wäert kommen, dann ass et Zäit Äddi ze soen.

An där Sekonn, an där mir gebuer ginn, si mir eigentlech schonn zum Doud verurteelt. Doduerch, datt mir net wëssen, wéini en bei eis komme wäert, fänkt eng grouss Veronsécherung un. Wann eng Krankheet an d’Spill kënnt, ass all weider Minutt, eng Minutt ze wéineg. Déi lescht Wierder, dat lescht Laachen, déi een zesummen deele wäert …

An dann ni méi.

Esou gehéiert all gedeelten Erfarung zum Wee « Äddi » ze soen. An dat geet net ouni traureg ze sinn, et ass eng kierperlech a séilesch Péng. Jo, et ass schwéier ze akzeptéieren, datt de Mënsch keng Kontroll iwwert säi Schicksal huet, an een Deel vun dir wäert mat dësem Mënsch goen.

Et ass eng Rees, déi dech iwwerall an néierens hibrénge kann. En Trouscht ass, datt d’Léift déi ee fireneen empfënnt iwwerliewe wäert.

An iergendwann, wann déi éischt grouss Péng vergaangen ass, gees du zeréck an däi Gaart. A mat Iwwerraschung stells de fest, datt d’Blumme villäicht fort sinn, mee den Doft gebliwwen ass. De Wand leet sech tréischtend ëm deng Schëlleren, e fillt sech wéi eng Ëmäerblung un.

Dernières nouvelles