Carte Blanche: Wat ass Liewen?

Wat ass Liewen? Hutt Dir iech déi Fro och schonn gestallt? Besonnesch an der Pubertéit an a perséinleche Krisen, tendéiere mir dozou, eis Gedanken iwwert d’Existenz an de Sënn vum Liewen ze maachen.

Wann ee Mënsch mat existenziellen Zweiwel geplot ass, befriddege biologesch Äntwerten eis Froen net. Et geet éischter drëms, ewéi een säin Alldag meeschtert a Situatiounen, mat deenen e konfrontéiert gëtt, ze bewältegen. Dem Liewen ee Sënn ze ginn, ass eng individuell Aufgab. A genee dofir muss jiddwereen duerch Nodenken seng eegen Schlussfolgerungen zéien.

Ma wat ass Liewen?

Fir déi meescht Mënschen ass d’Liewen net vill méi ewéi Alldag. Deen üblechen Trott.

Alldeeglech Routine a Monotonie fierwen op d’Erfarung vu ville Mënschen of. Schlussendlech féiert dëst zu engem Gefill vun Apathie an déiwer Onzefriddenheet. Opstoen, iessen, schaffen an den nächsten Dag dat selwecht. Dësen Oflaf schéngt der Existenz keen Sënn ze ginn.

Ma tatsächlech ass d’Liewen eng vill méi komplex an ëmfaassend Erfarung, och wa mir dat dacks vergiessen. Et läit eleng un eis, een Usaz ze wielen, deen eis gefält. D’Liewen ass eng Këscht Knippercher, et weess een ni, wat ee kritt. Schonn de Forrest Gump huet déi déif Wourecht erkannt, déi an dëse Wierder stiechen. An enger Sekonn ka sech eis Gesondheet, eis finanziell oder souguer de wirtschaftleche Status total veränneren. Mir hunn schonn alleguerte Saachen erlieft, mat deene mir ni gerechent hätten. Dozou gehéiert d’Pandemie oder Krich an Europa.

Alles ass méiglech, well näischt sécher ass. A genee dofir muss ee Verännerungen akzeptéieren an sech net un der Vergaangenheet festhalen. 

Liewen ass Akzeptanz

Dacks akzeptéiert een ongär Situatiounen, mee mir musse léieren dat ze maachen. Et ergëtt keen Sënn d’Zukunft ze plangen, wann d’Liewen aner Pläng mat engem huet.

Akzeptanz bréngt Fridden an nei Energie an erméiglecht eis et esou sech neien Erausfuerderungen ze stellen.

A wann mir déi ënnerschiddlech Perspektiven aus dem richtege Bléckwénkel kuckt, gëtt eis villäicht bewosst, dat d’Liewen eng richteg Aventure ass. Mir mussen eis just drop aloossen – mir hunn net nëmmen ee Planéit ze erfuerschen, mee och ze retten. Eis ass bewosst, datt mir iergendwann all stierwe wäerten, also sollte mir dat Bescht mat eiser Zäit maachen an eis fir déi richteg Saachen asetzen.

Mir solle liewen, laachen, kräischen, opgereegt sinn – mir schreiwen eis d’Dréibuch selwer. An et muss eng Geschicht sinn, déi a gudder Erënnerung soll bleiwen.

Et ass eis Entscheedung.

Dernières nouvelles