Wéi schützt ee sech virun der Sonn?

Wann d’Wieder gutt ass, an d’Sonn net nëmme straalt, mä och gutt dréckt, ass dat net nëmme schéin – wann een net oppasst, kann dat esouguer geféierlech ginn.

Dofir soll een sech sécherheetshallwer u dës 5 gëlle Reegelen halen. Drénkt genuch Waasser – net eréischt wann den Duuscht ukomm ass. Dertëschent kann et natierlech och ee liicht gezéckerte Jus oder eng Limonad sinn. Am beschten ass et och de Kaffi ze beschränken, dësen entwässert.

Am beschten ass et eréischt no de Mëttesstonnen, de Moment ze genéissen. Denkt drun de Kapp ze bedecken a vergiesst iech op kee Fall anzecrèmen. Och sportlech Aktivitéite sinn an de wäermste Stonnen ze evitéieren.

An denkt wannechgelift un déi eeler Mënschen an ärer Ëmgéigend – villäicht sinn si jo op Hëllef

ugewisen. Héich Temperature kënne bei vulnerabele Persounen zu gesondheetleche Problemer féieren – zemools bei eelere Leit, Puppelcher a Mënsche mat Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen.

Eng detailléiert Broschür zum Thema Canicule, fannt dir op www.sante.lu/canicule.

Dernières nouvelles