Weider Evenementer fir „d’Fräiheet an Wouerecht“ geplangt

Och kuerz virun de Feierdeeg an un de jeeweilegen Deeg selwer si weider Manifestatioune geplangt, un deenen Zeechen géint „d’Ausgrenzung vun der Minoritéit, illegal Covid-Gesetzer an onmënschlechen Drock“ gesat solle ginn.

Wéi et ausgesäit, geet et net méi eleng dorëm, géint déi verschidde sanitär Moossnamen an Diskriminatioun virzegoen, mee och ëm Provokatioun géint d’Police an d’Teste vun de Grenze vun der Belaaschtbarkeet.

Weider Evenementer fir „d'Fräiheet an Wouerecht“ geplangtWeider Evenementer fir „d'Fräiheet an Wouerecht“ geplangt
Facebook

E „gemitterlechen Astig“ soll et haut den Owend um 18 Auer bei der Kathedral ginn. Thema ass „Lëtzebuerg BIET“. Viru geet et den Dag drop mat engem Generalstreik. Heibäi gëtt opgeruff, d’Aarbecht néierzeleeën.

Weider Evenementer fir „d'Fräiheet an Wouerecht“ geplangt
Twitter

Ma op Helleg Owend selwer soll et zu enger „friddlecher Demonstratioun“ kommen, wärend um Nomëtteg vu Chrëschtdag selwer um Glacis fir „d’Fräiheet“ demonstréiert gëtt. Widderholl gëtt dës Aktioun op Neijoerschdag, woubäi hei och den „Danz an der Strooss“ virgesinn ass.

Dernières nouvelles