Weltdag géint Kanneraarbecht

Um haitege Sonndeg fënnt den nawell wichtegen Aktiouns- a Weltdag géint Kanneraarbecht statt. Dëse gouf am Joer 2002 vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun an d’Liewe geruff.

Dobäi ass d’Zil ze sensibiliséieren an ee kritescht Bewosstsinn fir dës weltwäit Ausbeutung ze schafen. Unicef beseet, datt ronn 190 Millioune Kanner am Alter tëscht 4 a 14 Joer schaffe mussen. Di meescht an der Landwirtschaft.

Kanneraarbecht ass an Afrika, Asien am Pasifikraum a verstoppt an Europa vertrueden. Vill vun dësen onschëllege Kanner ginn sexuell mësshandelt, bis näischt méi vun hinnen iwwereg ass.

D’Ursaach fir Kanneraarbecht ass leider dacks d’Aarmut vun den Elteren. Heefeg mussen si d’Scholden ofschafen. Et ass also een Däiwelskrees.

Dausende vu Kanner un an der Demokratescher Republik Kongo ënner Liewensgefor an enke Minne geschafft. De Kobalt a Kupfer gëtt ënnert anerem dozou benotzt Smartphonen hierzestellen. Dobäi si vill « Aarbechter » ëm d’Liewe komm. Och hier Gesondheet muss drënner leiden.

Fir Fabrickbesëtzer an Entreprisen ass dat ee lukratiivt Geschäft. Kanner sinn einfach ze manipuléieren a wiere sech net. Et geet nämlech ëm d’Iwwerliewen!

Dernières nouvelles