Haut schonn d‘Hänn gewäsch?

T‘ass Weltdag vun der Handhygiène. D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mécht mat dësem Aktiounsdag, deen all Joer um 5. Mee stattfënnt, op de wichtege Gest vum Hänn-Wäschen opmierksam.

Jo, et gi gutt Bakterien, déi de mënschleche Kierper braucht. D‘Aus- a Verbreedung vun enger ganzer Rei geféierlecher Bakterien a Viren, déi am schlëmmste Fall zu uerge Krankheete féieren, kennen duerch eng gutt Handhygiène verhënnert, respektiv reduzéiert ginn.

Och wann deene Meeschten no iwwer 2 Joer Pandemie d‘Thema „Covid-19“ zu den Oueren eraushänkt, de Virus bei verschiddene Leit vläicht souguer ganz an den Hannergrond geréckelt ass, esou bleift den Erreeger weiderhi present an ass an dësem Kader wuel e gutt Beispill, wéi wichteg d‘Hänn-Wäschen – mat Waasser a Seef – fir déi allgemeng Gesondheet vun der Bevëlkerung ass.

Dobäi sinn et net nëmmen Persounen aus dem Gesondheets- a Fleegepersonal, d‘Patienten an hir Visiteuren, déi de Geste ëmsetze sollten. Nom neisten an/oder houschten, nodeems een op d‘Toilette gaangen ass oder och virum Iessen misst Hänn-wäsche scho quasi e Ritual sinn.

Weider Informatiounen dozou ginn et op sante.lu.

Dernières nouvelles